Perl oder Pica (Film)

(Virugeleet vu(n) Perl oder Pica)

Perl oder Pica ass e Film vum lëtzebuergesche Regisseur Pol Cruchten, deen am Summer 2005 gedréint gouf an den 12. Oktober 2006 Avant-Première am Kino Utopolis hat. Et ass eng Verfilmung vum Buch mam selwechten Numm vum Jhemp Hoscheit.

Perl oder Pica
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Éisträich
Produktiounsjoer 2006
Première 2006
Dauer 95 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Pol Cruchten
Dréibuch Viviane Thill
François Dupeyron
Fotografie Jerzy Palacz
Musek Angélique Nachon
Jean-Claude Nachon
Produzent Red Lion
Amour Fou
Produktiouns-
gesellschaft
Amour Fou
Schauspiller
Ben Hoscheit als Norbi Welscheid
André Jung als Papp
Nicole Max als Mamm
Anouk Wagener als Josette
Thierry van Werveke als Pendelmeyer
Luc Feit als Schoulmeeschter Treines
Myriam Muller als Tatta Zëss
Marcello Mazzarella als Här Pinato
Elena Arvigo als Mme Pinato
Johannes Silberschneider als Här Paschulke
Steve Karier als Geeschtlechen
Loïc Peckels als Aloyse
Yan Gillen als Fred
Sam Hanbury als Guy Treines
Christiane Rausch als Schwëster Bernadette
Claire Thill als Schwëster Maria
Gintare Parulyte als Marie-Lou
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

1962: D'Liewe vum Norbi Welscheid, engem 12 Joer ale Bouf vun Esch-Uelzecht, spillt sech tëscht sengem Papp senger Papeterie, der Schoulbänk an der Kierch of. Mä langweileg gëtt et ëm dofir nach laang net: D'Kubakris kënnt iwwer Radio an d'Stuff eran, e Muerd geschitt, an da sinn do déi mysteriéis "P"en, déi säi Papp heiansdo an e Buch schreift, an all déi onausgeschwate Saachen aus der Zäit vum Zweete Weltkrich an iwwer d'Sexualitéit, déi de Jong virwëtzeg maachen, an iwwer déi e gär méi wéisst...

Dréiplazen änneren

Accueil änneren

De Film gouf vu ronn 17.767 Leit am Kino gesinn.[1]

2003 gouf Perl oder Pica mam 3. Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Publikumspräis" ausgezeechent. E war 2007 och déi lëtzebuergesch Propositioune fir eng Oscar-Nominatioun an der Kategorie "Beschten Internationale Film", gouf awer net nominéiert.[2]

Op der Internet Movie Database hat de Film 2021 e Score vu 6,2 vun am Ganzen 10 Punkten, baséiert op 162 Benotzerbewäertungen.[3]

Dëst an dat änneren

De Ben Hoscheit, deen den Haaptpersonnage Norbi Welscheid spillt, ass de Jong vum Jhemp Hoscheit. Béid leeë Wäert drop, festzestellen, datt d'éisträichesch Koproduzenten, déi de Choix vun de Schauspiller gemaach hunn, näischt vun dëse Familljerelatioune woussten.

D'DVD koum am Dezember 2007 eraus.

Literatur änneren

  • Jhemp Hoscheit: Perl oder Pica. Vum Buch zum Film. Eng Chronik 1996-2006. Wéi aus engem lëtzebuergesche Roman e lëtzebuergesche Film gëtt... GalerieDok 1, Éditions du Centre Culturel de Differdange, 2009, ISSN 2076-8060.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Le top 100 des productions et coproductions luxembourgeroises." op cna.public.lu, 12-06-2018.
  2. automatentest.de: Kleine Geheimnisse (Perl oder Pica) (gekuckt de 25. November 2021)
  3. imdb.com: User Ratings (gekuckt de 26. November 2021