Nuits d'Arabie (Film 2007)
Nuits d'Arabie ass e lëtzebuergesch-belsch-éisträichesche Film vum Paul Kieffer. De Film hat den 12. November 2007 seng Avant-Première am Utopolis.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Lëtzebuerg Belsch Éisträich |
Originalsprooch |
Lëtzebuergesch Franséisch Arabesch |
Ekipp | |
Regie | Paul Kieffer |
Dréibuch |
Paul Kieffer Philippe Blasband |
Fotografie | Jean-Louis Sonzogni |
Musek | Jeannot Sanavia |
Produzent |
Samsa Film Artemis Productions Allegro Film |
Schauspiller | |
Jules Werner als Georges Turmes Sabrina Ouazani als Yamina Anne-Marie Solvi als Nicole Marco Lorenzini als Papp Camille Olinger als Grousspapp Marie-Paule von Roesgen als Groussmamm Serge Tonon als Monni Pat Wengler als Tatta Pol Hoffmann als Jempi | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe Georges Turmes, Schaffner bei der CFL begéint an engem Zuch dem Yamina, dat sech do verstoppt, well et geschloe gouf. Hie këmmert sech ëm hatt a verstoppt et a sengem Gaardenhaischen. Hatt erzielt him vu sech a senger Famill, déi verfollegt géif. Enges Daags ass hatt verschwonnen, an de Georges mécht sech op d'Sich no him...
Den Ënnertitel vum Film ass: Eng Léift tëscht Bouneweg an Tabelbala.
Accueil
ännerenE gouf am Ganze vu 5.804 Leit am Kino gesinn.[1]
Op der Internet Movie Database hat de Film 2021 e Score vu 6,5 vun am Ganzen 10 Punkten, baséiert op 93 Benotzerbewäertungen.[2]
2007 krut de Komponist Jeannot Sanavia de Präis fir déi bescht Filmmusek bei der Zeremonie vum 3. Lëtzebuerger Filmpräis.
Nuits d'Arabie war och déi lëtzebuergesch Propositioun fir eng Oscar-Nominatioun an der Kategorie "Beschten Internationale Film" fir 2008, gouf awer net nominéiert.[3]
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ "Box office films luxembourgeois 1981-2012" op cna.public.lu (gekuckt:2013-01-19).
- ↑ imdb.com: User Ratings (gekuckt de 26. November 2021
- ↑ awn.com: 67 Countries Vying for 2008 Foreign Language Film Oscar (17. Oktober 2018)