Laurent Witz

franséischen Animateur a Filmproduzent

De Laurent Witz, gebuer den 21. November 1975 zu Haguenau, ass e franséischen Animateur a Filmproduzent.

Laurent Witz
Gebuer 21. November 1975
Haguenau
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Filmproduzent, Animateur, Filmregisseur

Hien huet op der École supérieure d'art de Lorraine zu Metz studéiert a scho wärend sengem Studium tëscht 1997 an 1998 4 Animatiounsfilmer realiséiert. Wéi een 3D-Animatioun mécht, huet hie sech selwer bäibruecht.[1] Zanter 2002 lieft hien zu Lëtzebuerg wou en als Animateur vun ë. a. dem éischte Lëtzebuerger Animatiouns-Laangfilm Roman de Renart matgeschafft huet.

2007 huet hien d'Produktiounsfirma ZEILT Productions gegrënnt, an 2010 d'Firma WATT Frame. Nieft Animatiouns-Reklammsfilmer hunn déi zwou Produktionsfirmen och 2012-2013 de Kuerzanimatiounsfilm Mr Hublot ausgeschafft, fir deen de Witz zesumme mam Co-Regisseur Alexandre Espigares 2014 den Oscar an der Kategorie Beschten animéierte Kuerzfilm krut.

Filmographie (Auswiel) änneren

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Kuerzbiographie op der Websäit vum Warsaw Film Festival 2014.
  2. Eng Première op engem 23. Juni Fir nozedenken, fir e Gesamtbild, fir Eenegkeet... op rtl.lu