Back in Trouble
Back in Trouble ass e lëtzebuergesche Film vum Andy Bausch aus dem Joer 1997.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Lëtzebuerg Däitschland |
Produktiounsjoer | 1997 |
Première | 25. Oktober 1997 |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch | Andy Bausch |
Fotografie | Martin Gressman |
Musek | Guy Schmit, Ulrich Kojo Wendt |
Produzent |
Lynx Productions Wüste Film |
Schauspiller | |
Thierry van Werveke als Johnny Guddebour alias Johnny Chicago Ender Frings als Chuck Moreno Nicole Max als Jenny Jakoby Oscar Ortega-Sanchez als Coco Moritz Bleibtreu Katarina Thalbach als Stankowski Dietmar Schönherr als Rentner Dinkelmann Heintz Hoenig als Inspekter Dittmayer Monique Reuter Luc Feit als Inspekter Sardelli Sascha Ley als Juliette Kalmes-Moreno André Jung Claudine Thill als Camilla Drache Frank Sassonof als Jean-Loup Marie-Christine Faber Fernand Fox Fernand Mathes Moritz Bleibtreu Sandy Lahure Ritchie Muller Fatih Akin als Kebab-Fatih | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDen Johnny Chicago gëtt no 10 Joer aus dem Prisong entlooss mam Virsaz, do soubal net méi hannescht ze goen. Säi Kolleeg Chuck Moreno huet an der Tëschenzäit e gereegelt Familljeliewen. Hien ass dofir net grad begeeschtert, wéi den Johnny enges Daags ugeschäert kënnt mat engem "bommeséchere" Plang, wéi een en Zuch kéint unhalen, fir engem räichen däitsche Rentner, dee seng Suen op Lëtzebuerg wëll bréngen, dës ofzehuelen. Dem Moreno säi klenge Brudder Coco awer ass Feier a Flam...
Soss
ännerenVum Lëtzebuerger Filmfong krut d'Produktiounsgesellschaft Lynx Productions 1997 14 Millioune Lëtzebuerger Frang als Avance op Akommes vum Lëtzebuerger Filmfong accordéiert.[1]
Back in Trouble ass d'Suite vum Troublemaker, deen den Andy Bausch 10 Joer virdru gemaach huet. De Film gouf vu 15.548 Leit am Kino gesinn.[2]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Back in Trouble op filmportal.de (de)
- Back in Trouble op Centre national de l'audiovisuel (fr)
Referenzen
änneren- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la culture 1997, Mäerz 1998, Säit 147
- ↑ "Le top 100 des productions et coproductions luxembourgeroises." op cna.public.lu, 12-06-2018.