Den Alexandre Espigares, gebuer zu Lëtzebuerg,[1] ass e spuenesch-lëtzebuergeschen Animateur a Filmregisseur.

Alexandre Espigares
Gebuer 20. Joerhonnert
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Animateur, Filmregisseur

Hien huet am Lycée technique des arts et métiers de BTS Animatioun studéiert an dësen 2000 ofgeschloss. Zanter 2002 huet hien am Beräich Computeranimatioun un enger ganzer Rëtsch Filmer matgeschafft, dorënner Happy Feet 2, Iron Man 3 an Tarzan 3D. Fir de Kuerzanimatiounsfilm Mr Hublot, dee en 2012 bis 2013 zesumme mam Laurent Witz realiséiert huet, kruten déi zwéin 2014 den Oscar an der Kategorie Beschten animéierte Kuerzfilm.

2018 koum säin Animatiounsfilm Crocs-Blanc eraus; en hat seng Première den 21. Januar 2018 um Sundance Film Festival.[2]

Den Alex Espigares lieft als fräischafenden Animateur zu München.[3]

Filmographie änneren

  • 2003: Bob's Beach
  • 2005: The Magic Roundabout
  • 2005: Le roman de Renart
  • 2006: Galactik Football(Tëleesserie)
  • 2008: Fly Me to the Moon
  • 2009: #9
  • 2009-2010: Star Wars: The Clone Wars (Tëleesserie, 6 Episoden)
  • 2011: Happy Feet 2
  • 2012: Iron Man 3
  • 2013: Tarzan 3D
  • 2013: Riddick: Dead Man Stalking
  • 2013: Mr Hublot
  • 2018: Croc-Blanc (en:White Fang, lb: Wollefszant)

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Kuerzbiographie op it.ulule.com
  2. "Le film d'animation 'Croc-Blanc' en première mondiale au Festival du film de Sundance." Communiqué op gouvernement.lu; 22.01.2018 (15:45).
  3. Kuerzbiographie op arte.tv.
  4. Eng Première op engem 23. Juni Fir nozedenken, fir e Gesamtbild, fir Eenegkeet... op rtl.lu