Réfractaire (Film)
Réfractaire ass e lëtzebuergesch-Schwäizer Spillfilm vum Nicolas Steil, deen de 5. Juni 2009 Première hat.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Lëtzebuerg Schwäiz |
Produktiounsjoer | 2009 |
Première | 2009 |
Dauer | 97 min |
Originalsprooch | Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Nicolas Steil |
Dréibuch |
Jean-Louis Schlesser Nicolas Steil |
Fotografie | Denis Jutzeler |
Musek |
André Mergenthaler Michel Wintsch |
Produzent |
Iris Productions CAB Productions TSR |
Schauspiller | |
Grégoire Leprince-Ringuet Thierry van Werveke Marianne Basler Swann Arlaud Carlo Brandt Judith Davis Yoann Denaive Pierre Derenne Arthur Dupont Véronique Fauconnet Luc Feit Guillaume Gouix Patrick Hastert André Jung Charles Muller Pierre Niney Marc Olinger Daniel Plier Raphaël Tilliette Michel Voïta Frédéric Frenay | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe Film spillt zu Lëtzebuerg an der Zäit vun der Besatzung duerch d'Nazi-Däitschland am Zweete Weltkrich. De François, e jonke Mann vun 20 Joer soll an d'Wehrmacht agezu ginn. Hie steet virum schwéiere Choix, un d'Ostfront geschéckt ze ginn, an do op alliéiert Zaldoten ze schéissen a waméiglech selwer erschoss ze ginn, oder awer sech zu Lëtzebuerg als sougenannte "Réfractaire" an enger däischterer a fiichter Minière fir Méint a Joren ze verstoppen, seng Elteren enger Ëmsiidlung auszesetzen, op d'Gefor hin, als "Deserteur" erschoss ze ginn, wann en erwëscht géif.
Do derbäi kënnt de Konflikt mat sengem Papp, engem Kollaboratuer mam däitsche Regime...