J'ai toujours voulu être une sainte
De Spillfilm J'ai toujours voulu être une sainte ass eng belsch-lëtzebuergesch Koproduktioun vun der lëtzebuergescher Filmregisseurin Geneviève Mersch aus dem Joer 2003.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Belsch Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2003 |
Première | 2004 |
Dauer | 90 min |
Faarf | Faarweg |
Format | 1,85:1 |
Filmformat | 35 mm |
Originalsprooch | Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Geneviève Mersch |
Dréibuch |
Philippe Blasband Geneviève Mersch |
Fotografie | Séverine Barde |
Schnëtt | Ewin Ryckaert |
Produzent |
Patrick Quinet Claude Waringo |
Produktiouns- gesellschaft |
Samsa Film Artémis Productions Media Services |
Schauspiller | |
Marie Kremer als Norah Thierry Lefevre als Jean-Michel Jeannine Godinas als Marthe Raphaëlle Blancherie als Françoise | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenD'Norah, dat 17 Joer huet, lieft bei sengem Papp an hat fillt sech schëlleg un all Misère vun der Welt...
Filmproduktioun
ännerenFir d'Schreiwen an d'Entwéckele vun der Iddi vum Film krut d'Produktiounsgesellschaft Samsa Film 1998 e Subside vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun 2,5 Millioune Lëtzebuerger Frang.[1] 2001 krut se dunn nach e Subside vun 20 Millioune Frang, (ronn 496.000 Euro), fir d'Produktioun vu J'ai toujours voulu être une sainte. Donieft krut de Film och nach e Subside vum europäesche Fong Eurimages an Héicht vun 190.000 Euro, vun deem Samsa Film der 100.700 krut an de belsche Koproduzent de Rescht.[2]
Accueil
änneren2003 gouf J'ai toujours voulu être une sainte mam éischte Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Beschte Lëtzebuerger Film" ausgezeechent, zesumme mat dem Andy Bausch sengem Documentaire L'homme au cigare. E war och de Lëtzebuerger Oscar-Bäitrag an der Kategorie "Beschten Internationale Film", gouf awer net nominéiert.[3]
Op der Internet Movie Database hat de Film 2021 e Score vu 6,2 vun am Ganzen 10 Punkten, baséiert op 98 Benotzerbewäertungen.[4]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 202
- ↑ Rapport d'activités 2001 du Ministère de la Culture, Säit 210
- ↑ culture.luxembourg.public.lu: Arts et culture au Luxembourg. Une culture riche en diversité. Le cinéma (gekuckt de 25. November 2021)
- ↑ imdb.com: User Ratings (gekuckt de 26. November 2021