Julie Schroell

lëtzebuergesch Filmregisseurin

D'Julie Schroell ass eng lëtzebuergesch Filmregisseurin.

Julie Schroell
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur

Si huet op der Université libre de Bruxelles (ULB) Zäitgeschicht a Film studéiert. Zu där Zäit huet si hiren éischten Documentaire, 100 Joer Jeunesse Esch - E stoarkt Stéck Minett, gedréint.[1]

2008 huet si zu Lëtzebuerg den Documetaire De Bauereblues realiséiert. En ass 2011 erauskomm.

Si dréint allgemeng Informatiounsfilmer, Musekvideoen, audiovisuell Installatiounen, ë. a. fir verschidden Theaterproduktiounen, zu Berlin an zu Lëtzebuerg.[1]

2020 koum hiren Documentaire Cuentos del río eraus.[2]

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 "About" op julieschroell.com (gekuckt 2013-12-22),
  2. "Neue Doku von Julie Schroell." wort.lu, 16-01-2020.