Ludwig van Beethoven
däitsche Komponist
De Ludwig van Beethoven, gebuer de 16. Dezember 1770 zu Bonn, a gestuerwen de 26. Mäerz 1827 zu Wien, war en däitsche Komponist vun der Wiener Klassik.
Ludwig van Beethoven | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
16. Dezember 1770 Bonn |
Gestuerwen |
26. Mäerz 1827 Wien |
Doudesursaach | Liewerzirros |
Nationalitéit | Kurköln |
Aktivitéit | Komponist |
Member vun | Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen |
Famill | |
Mamm | Maria Magdalena van Beethoven |
Geschwëster | Nikolaus Johann van Beethoven |
Kanner | keng |
![]() |
Liewen Änneren
De Ludwig van Beethoven gouf als Jong vum Johann van Beethoven a senger Fra Maria Magdalena Keverich zu Bonn gebuer.
Am November 1792 goung de Beethoven op Wien, fir e Schüler vum Joseph Haydn ze ginn. Duerno gouf en och vum Schenk, vum Albrechtsberger a vum Salieri ënnerriicht.
Am spéiden Nomëtteg vum 26. Mäerz ass de Beethoven zu Wien gestuerwen.
Wierk Änneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Schüler Änneren
Filmer Änneren
- 1949: Eroica - Regie: Walter Kolm-Veltée mam Ewald Balser an Oskar Werner
- 1962: The Magnificent Rebel - Regie: Georg Tressler mam Karlheinz Böhm an Ivan Desny (TV)
- 1976: Beethoven - Tage aus einem Leben - Regie: Horst Seemann (mat dem Donatas Banionis an der Haaptroll)
- 1994: Immortal Beloved - Regie: Bernard Rose mam Gary Oldman an Isabella Rossellini
- 2006: Copying Beethoven - Regie: Agnieszka Holland mam Ed Harris an Diane Kruger
Um Spaweck Änneren
Commons: Ludwig van Beethoven – Biller, Videoen oder Audiodateien |