Franz Antel

éisträichesche Regisseur

De Franz Josef Antel, gebuer den 28. Juni 1913 zu Wien an och do den 12. August 2007 gestuerwen, war en éisträichesche Filmregisseur, Produzent an Dréibuchauteur. Hien huet an iwwer 100 Spillfilmer Regie gefouert, a verschiddenen dovun ënner dem Pseudonym François Legrand.

Franz Antel
Gebuer 28. Juni 1913
Wien
Gestuerwen 11. August 2007
Wien
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Journalist

De Franz Antel huet op der Filmakademie zu Wien studéiert, a war an den 1930er Joren, Regie- a Produktiounsassistent, zanter 1935 zu Berlin.

1949 koum säin éischte Film Das singende Haus an d'Kinoen. Zanterhier war en an Éisträich an an Däitschland gefrot fir Ënnerhalungs- (Ohne Krimi geht die Mimi nie ins Bett) an "Heimat"-Filmer (Auf der Alm, da gibt's koa Sünd), a fir Filmer, déi an der Keeserzäit gespillt hunn.

Zanter der Mëtt vun den 1960er Joren huet hien ëmmer méi dacks "Erotik"filmer gedréint, déi Titele wéi Frau Wirtin bläst auch gern Trompete oder Die liebestollen Apothekerstöchter haten, déi och zu Lëtzebuerg hire Public haten.

Bis an den héijen Alter - säi leschte Film ass vun 2003 - war hien als Regisseur aktiv.

De Franz Antel war fënnefmol bestuet, dovun déi véiert a fënneft Kéier mat der selwechter Fra.

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1949 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 2003 änneren

TV (Auswiel) änneren

  • 1974: Die gelbe Nachtigall
  • 1982: Ohne Ball und ohne Netz
  • 1990: Die Kaffeehaus-Clique
  • 1993: Almenrausch und Pulverschnee (TV-Mini-Serie)

Autobiographien änneren

  • mam Peter Orthofer: Verdreht, verliebt, mein Leben, Wien und München 2001 (ISBN 3-85002-464-4)
  • mat der Ingrid Pachmann an dem Peter Orthofer: „Servus Franz, grüß dich!“ Anekdoten aus 75 Jahren Filmschaffen von Franz Antel. Der Antel in Bildern und Anekdoten, Wien 2006 (ISBN 3-85485-170-7)
  • mam Bernd Buttinger: Franz Antel. Ein Leben für den Film, Mariahof 2006 (ISBN 3-9501887-9-7 oder ISBN 978-3-9501887-9-0)

Literatur änneren

  • Susanne Walther (Hrsg.), Josef Brunner, Franz Antel (Illustrationen) et al.: Alles Leinwand. Franz Antel und der österreichische Film. 7. Juni bis 16. September 2001, Historisches Musem der Stadt Wien. (Sonderausstellung des Historischen Museums der Stadt Wien, Nr. 274.) Historisches Museum der Stadt Wien, Wien 2001, 98 S., ISBN 3-9501465-0-4

Um Spaweck änneren