De Robert Musil, gebuer 6. November 1880 zu Klagenfurt an Éisträich a gestuerwen de 15. Abrëll 1942 zu Genf an der Schwäiz war en éisträichesche Schrëftsteller.

Robert Musil
Gebuer 6. November 1880
Gestuerwen 15. Abrëll 1942
Genf
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Éisträich
Educatioun Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Schrëftsteller, Bibliothecaire, Romancier, Dramatiker, Dréibuchauteur, Essayist, Ingenieur

De Robert Musil war fir d'éischt Maschinnebauingenieur grad wéi säi Papp, den Alfred Musil, deen 1891 Professer op der Technescher Héischschoul zu Brünn war, an 1917 geadelt gouf. 1905 huet de Robert Musil säin éischte Roman: Die Verwirrungen des Zöglings Törleß publizéiert. Duerno huet hie Psychologie a Philosophie zu Berlin studéiert an do 1908 mat enger Thees an der Philosophie iwwer d'Wëssenschaftstheorie vum Ernst Mach promovéiert. Säin Haaptwierk - Der Mann ohne Eigenschaften - gëtt haut nieft der Recherche du temps perdu vum Marcel Proust, dem Ulysses vum James Joyce, an dem Zauberberg vum Thomas Mann zu de wichtegste Wierker vum 20. Joerhonnert gerechent. Leider huet seng literaresch Aktivitéit him trotz engem gewëssen Erfolleg ni eng finanziell sécher Situatioun garantéiert.

No senger Auswanderung an d'Schwäiz ass hie lues a lues vergiess ginn, an hien ass an zimmlech aarme Verhältnesser gestuerwen. Mat senger Fra huet hien zanter 1934 bal ausschliisslech vum "Robert Musil-Fonds" gelieft, dee vum Fürst Jan Otto Pächt zu Wien gegrënnt gouf. 1943 huet dem Robert Musil seng Fra, d'Martha Musil (Marcovaldi) den drëtte Band vum Mann ohne Eigenschaften als Nachlass erausginn. De 24. August 1949 ass d'Martha Musil zu Roum gestuerwen.

Wierker änneren

  • 1906: Die Verwirrungen des Zöglings Törless
  • 1911: Vereinigungen. Zwei Erzählungen
  • 1921: Die Schwärmer. Schauspiel in drei Aufzügen.
  • 1923: Grigia. Novelle.
  • 1923: 1923 Die Portugiesin.
  • 1924: Drei Frauen
  • 1926: Vinzenz und die Freundin bedeutender Männer. Possen in drei Akten.
  • 1927: Rede zur Rilke Feier in Berlin am 16. Januar.
  • 1930: Der Mann ohne Eigenschaften Roman, Buch Einz, 1. und 2. Teil.
  • 1933: Der Mann ohne Eigenschaften. Roman, Buch Einz, 3. Teil.
  • 1936: Nachlaß zu Lebzeiten
  • 1937: Über die Dummheit. Vortrag.
  • 1943: Der Mann ohne Eigenschaften, posthum Fragmenter vu senger Fra erausginn.
  • 1980: Beitrag zur Beurteilung der Lehren Machs und Studien zur Technik und Psychotechnik.
  • 1981: Briefe
  • 1981: Gesammelte Werke, 9 Bänn, erausgi vum Adolf Frisé, Reinbek bei Hamburg, Rowohlt Verlag.
Vol. 1-5: Der Mann ohne Eigenschaften.
Vol. 6: Prosa und Stücke.
Vol. 7: Kleine Prosa. Aphorismen. Autobiographisches.
Vol. 8: Essays und Reden.
Vol. 9: Kritik. Literatur-Theater-Kunst 1912-1930.
  • 1981: Briefe 1901-1942. 2 Bänn, erausgi vum Adolf Frisé. Reinbek bei Hamburg, Rowohlt Verlag.
  • 1983: Tagebücher, 2 Bänn, erausgi vum Adolf Frisé. Reinbek bei Hamburg, Rowohlt Verlag.
  • 1992: Der literarische Nachlaß,erausgi vum Friedbert Aspetsberger, Karl Eibl an Adolf Frisé, Reinbek bei Hamburg, Rowohlt Verlag.

Franséisch Iwwersetzungen änneren

  • Les Désarrois de l'élève Törless, aus dem Däitsche vum Philippe Jaccottet, Points Seuil, 1980.
  • Journaux, aus dem Däitsche vum Philippe Jaccottet, Seuil, 1981.
  • L'Homme sans qualités, aus dem Däitsche vum Philippe Jaccottet, Points Seuil, 1982.
  • Trois femmes, Noces, aus dem Däitsche vum Philippe Jaccottet, Points Seuil, 1983.
  • Essais, conférences, critique, aphorismes, réflexions, textes choisis, aus dem Däitschen, a mat enger Introduktioun vum Philippe Jaccottet, no der Editioun vum Adolf Frisé, Seuil, 1984.
  • Théâtre: Les Exaltés, Vincent et l'amie des personnalités, Prélude au mélodrame "Le zodiaque" , aus dem Däitsche vum Philippe Jaccottet, Seuil ("Le don des langues"), 1985.
  • Pour une évaluation des doctrines de Mach, aus dem Däitsche vum Michel-François Demet, Presses Universitaires de France, 1985.
  • Lettres choisies, aus dem Däitschen, a mat enger Introduktioun vum Philippe Jaccottet, no der Editioun vum Adolf Frisé, Seuil ("Le don des langues"), 1987.
  • Oeuvres pré-posthumes, aus dem Däitsche vum Philippe Jaccottet, Points Seuil, 1990.
  • Proses éparses, aus dem Däitschen a mat enger Introduktioun vum Philippe Jaccottet, no der Editioun vum Adolf Frisé, Points Seuils, 1991

Um Spaweck änneren

Commons: Robert Musil – Biller, Videoen oder Audiodateien