Éditions Guy Binsfeld

Lëtzebuergesche Verlag

Éditions Guy Binsfeld ass e lëtzebuergesche Buchverlag, deen 1979 vum Guy Binsfeld gegrënnt gouf a vun 2015 vu sengem Jong, dem Marc Binsfeld, gefouert gëtt.[1]

D'Éditions Guy Binsfeld zu Bouneweg, place du parc, am Gebuertshaus vum Gabriel Lippmann.

De Binsfeld-Verlag huet bis de Summer 2007 eng 250 Buchtitele publizéiert, an dat an enger Oplo vun am Ganzen iwwer 880.000 Bicher.

Deen éischte Lexikon iwwerhaapt zu Lëtzebuerg, de Luxemburger Lexikon koum am Oktober 2006 am Binsfeld-Verlag eraus.

Éditions Guy Binsfeld ass Grënnungsmember vum nationale Verlegerverband, der Fédération luxembourgeoise des éditeurs de livres.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Par amour du livre. Interview mam Marc Binsfeld am d'Lëtzebuerger Land vum 13. November 2015, Nr. 46, S. 6.