Academy Awards
(Virugeleet vu(n) Oscar)
D'Academy Awards, besser bekannt ënner hirem informellen Numm Oscars, sinn e Filmpräis, deen zënter 1929 all Joer vun der US-amerikanescher Academy of Motion Picture Arts and Sciences (AMPAS) un déi bescht Leeschtungen an der Filmindustrie vum Joer virdru verdeelt gëtt.

![]() |
Oscar ass eng Weiderleedung op dës Säit. Fir aner Bedeitunge vun deem Numm, kuckt wgl. ënner Oscar (Homonymie) |
D'Gewënner kréien eng gëlle Skulptur, déi offiziell Academy Award of Merit heescht an de Spëtznumm Oscar huet. Si stellt e Ritter an Art-Déco-Stil duer.
Kategorien änneren
- Oscar fir de beschte Film - (Best Picture) - zanter 1928
- Oscar fir déi bescht Regie - (Best Directing) - zanter 1928
- Oscar fir de beschte Schauspiller - (Best Actor in a Leading Role) - zanter 1928
- Oscar fir déi bescht Schauspillerin - (Best Actress in a Leading Role) - zanter 1928
- Oscar fir de beschte Schauspiller an enger Nieweroll - (Best Actor in a Supporting Role) - zanter 1936
- Oscar fir déi bescht Schauspillerin an enger Nieweroll - (Best Actress in a Supporting Role) - zanter 1936
- Oscar fir dat bescht Originaldréibuch - (Best Original Screenplay) - zanter 1940
- Oscar fir dat bescht adaptéiert Dréibuch - (Best Adapted Screenplay) - zanter 1928
- Oscar fir déi bescht Dekoren - (Best Production Design) - zanter 1928
- Oscar fir déi bescht Kostümer - (Best Costume Design) - zanter 1948
- Oscar fir de beschte Make-Up a fir déi bescht Coiffuren - (Best Makeup and Hairstyling) - zanter 1981
- Oscar fir déi bescht Fotografie - (Best Cinematography) - zanter 1928
- Oscar de beschte Filmschnëtt - (Best Film Editing) - zanter 1935
- Oscar de beschten Tounmëschung - (Best Sound Mixing) - zanter 1930
- Oscar de beschten Tounschnëtt - (Best Sound Editing) - zanter 1963
- Oscar fir déi bescht visuell Effeten - (Best Visual Effects) - zanter 1939
- Oscar fir de beschte Filmsong - (Best Original Song) - zanter 1934
- Oscar fir déi bescht Filmmusek - (Best Original Score) - zanter 1934
- Oscar fir de beschte Film an enger Friemsprooch - (Best Foreign Language Film) - zanter 1947
- Oscar fir de beschten Animatiounsfilm - (Best Animated Feature) - zanter 2001
- Oscar fir de beschten Documentaire - (Best Documentary Feature) - zanter 1943
- Oscar fir beschte Kuerzfilm (Spillfilm) - (Best Live Action Short Film) - zanter 1931
- Oscar fir de beschten Animatiouns-Kuerzfilm - (Best Animated Short Film) - zanter 1931
- Oscar fir de beschte Kuerzfilm-Documentaire - (Best Documentary Short) - zanter 1941
- Éierenoscar - (Academy Honorary Award)
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Academy Awards – Biller, Videoen oder Audiodateien |