D'Reformatioun (aus dem laténgeschen: reformatio = Ëmgestaltung) ass eng Beweegung am Chrëschtentum vum 16. Joerhonnert. Dobäi koum et zur Ofspléckung vun der réimesch-kathoulescher Kierch an zum Entstoe vun de reforméierten, luthereschen an anglikanesche Kierche souwéi verschidde Fräikierchen. D'Grondlag dozou war de d'Bedierfnes fir sech op d'Bibel zeréckzebesënnen a fir op Distanz ze goe vu bestëmmten iwwerdriwwene Praktike vun der kathoulescher Kierch. Besonnesch de Mëssbrauch vum Ablasshandel war hinnen en Dar am A.

Dës Trennung vun der Réimesch-Kathoulescher Kierch war à priori net d'Absicht vun de Reformatoren. D'"re-Formatioun" sollt déi ursprénglech chrëschtlech Léier an der kathoulescher Kierch nees opwäerten.

Ausgankssituatioun änneren

D'Reformatioun ass net vun engem eenzele Mënsch oder vun enger bestëmmter Plaz ausgaangen. Et goufe verschidden Zentren a verschidde Reformatoren, déi vun ënnerschiddleche Viraussetzungen ausgaange sinn an ënner ënnerschiddleche politesche Verhältnesser gelieft hunn.

Eng Onmass vu Facteuren huet ufanks vum 16. Joerhonnert d'Reformatioun provozéiert:

  • Däitschland war keen Zentralstaat wéi z. B. Frankräich oder England. Et hu vill geeschtlech a weltlech Fürstenhaiser existéiert. D'Kurfürsten hunn de Keeser gewielt. Donieft hunn d'Reichsstände wichteg Muechtfacteuren duergestallt. Hir Versammlung, de Reichstag sollt am Laf vun der Reformatioun eng wichteg Roll spillen.
  • Dem däitsche Keeser Karel V. seng Obligatiounen a Spuenien, Italien, Holland an Burgund a seng Kricher mat Frankräich hu seng ganz Opmierksamkeet erfuedert an hunn dozou gefouert datt hie net dacks a sengem Däitsche Räich war.
  • No de Konziler vu Pisa a Konstanz war de Schisma vun der kathoulescher Kierch fäerdeg. Obschonn dem John Wyclif an dem Jan Hus seng Thees verworf goufen, koum et zum Opstelle vun ëmfangräiche Reformprogrammen. An der zweeter Hallschent vum 15. Joerhonnert konnt de Poopst seng Positioun vis-à-vis vum Konziliarismus ausbauen an Reformdecisiounen, déi scho bestanen hunn, goufen ofgeschwächt.
  • Verschidde Steieren an Taxen, déi an dem Poopst seng Keess gefloss sinn, hu ville Landeshären ze héich geschéngt. D'Praxis vum Handel mat den Abläss koum ëmmer méi an d'Kritik.
  • Déi éischt Reformatoren aus dem Mëttelalter wéi z. B. de Jan Hus, de John Wyclif an de Petrus Waldes sinn opgetrueden.
  • D'Philosophie vun der Renaissance: Trennung vu Kierch a Staat.
  • D'Iwwersetzung vun der Bibel op Däitsch duerch de Martin Luther.
  • D'Verbreedung vun den neien Iddien duerch d'Uwuesse vum Buchdréckerhandwierk.

D'Ausenanersetze mat den existéierende Strukturen hat fir d'éischt de Charakter vun engem Sträit tëscht den Theologesche Fakultéiten. D'Streidereien ënner den mëttelalterlechen Universitéiten hunn zur Differenzéierung, Verfestegung an Ausbreedung vun de reformatoresche Gedanke bäigedroen. D'Méiglechkeete vum Buchdrock si rapid ausgenotzt ginn. Vill Reformatoren hunn hir Sträitschrëften an héijer Oplo publizéiert. De Lucas Cranach den Eeleren huet dem Luther an dem Philipp Melanchthon seng Schrëfte meeschterhaft illustréiert.

De luthereschen Usaz änneren

Den Augustinermënch Martin Luther huet ëmmer dru gezweiwelt, datt hien dem Härgott seng Gnod nëmmen duerch eegen Ustrengunge kéint verdéngen, bis hie beim Studéiere vun der Bibel op de Réimerbréif 3,28 gestouss ass: So halten wir nun dafür, dass der Mensch gerecht wird ohne des Gesetzes Werke, allein durch den Glauben.

Déi, sou dacks an de Virdergrond geréckelt, Mëssstänn an der Réimesch-Kathoulescher Kierch ware fir de Luther net den Ausléiser vun der Reformatioun. Säi Problem war eleng vun theologescher Natur. Hien huet sech un dem Paulus orientéiert (Réimerbréif 1,17: Denn im Evangelium wird die Gerechtigkeit Gottes offenbart aus Glauben zum Glauben, wie es in der Schrift heisst: Der aus Glauben Gerechte wird leben).

Grondiddien änneren

Déi wesentlech Punkte vun der Reformatioun, déi och haut nach de "gemeinsamen Nenner" vun de protestantesche Kierche sinn, ginn dacks mat dem véierfachen "nëmmen ... " ausgedréckt:

  • sola scriptura - nëmmen d'Schrëft ass d'Grondlag vum chrëschtleche Glawen, net d'Traditioun
  • solus Christus - nëmme Christus, an net d'Kierch, steet iwwer de Gleewegen
  • sola gratia - nëmmen duerch Gottes Gnod gëtt de Mënsch gerett, net duerch säi Wierken
  • sola fide - nëmmen duerch de Glawe gëtt de Mënsch erléist, net duerch seng gutt Wierker

Iwwersetzunge vun der Bibel änneren

Dem Luther seng Bibeliwwersetzung war fundamental an nei. D'Iwwersetzungen déi zu senger Zäit verbreet goufen, hunn op d'Vulgata (laténgesch Bibel vum Hieronymus) opgebaut, déi sech schonn op d'griichesch Septuaginta (aalt Testament) beruff huet. Déi ursprénglech hebräesch an aramäesch Texter vum alen Testament haten also schonn dräi Iwwersetzungen, an déi vum neien Testament zwou hanneru sech éier s'an däitscher Sprooch ze liese waren. De Luther huet sech ëm eng méi direkt Iwwersetzung aus dem Hebräeschen a Griichesche beméit. Hien huet dofir eng volleksno a verständlech Sprooch gebraucht.

Kritik un den Traditiounen änneren

Dobäi gëtt et zwee Usätz:

  • De Luther huet d'Traditioune vun der Kierch genee iwwerpréift a mam Bibeltext verglach. Déi Traditiounen, déi, senger Meenung no, der helleger Schrëft net entsprach hunn, goufen ofgeschaaft. Hien ass awer dofir agetruede fir déi Traditiounen, déi keen direkte Bezuch op d'Bibel haten an eng Hëllef am Liewe vun de Gleewege waren, bäizebehalen.
  • Den Ulrich Zwingli an de Jean Calvin hunn all Traditiounen, déi net an der Bibel begrënnt waren, refuséiert. Dofir sinn d'Kierchen (Gebai) vun de reforméierte Kierchen (Relioun) net mat Biller, mä mat Bibelspréch dekoréiert. D'Kierch (Relioun) ass synodal, presbyterianesch oder kongregationalistesch (ouni Bëschof) strukturéiert. Den Zwingli war souguer géint d'Instrumentalmusek. D'Mass, d'Owesmoolzecht, soll eng Gedenkfeier sinn.

Dës zwou Richtungen haten eppes gemeinsam: D'Kritik um Poopsttum. D'Ursaach war nees en theologescht Problem: Déi apaart Positioun vum réimesche Bëschof (= Poopst) gëtt traditionell begrënnt duerch en Text vum Matthäus (16,18): Ich aber sage dir: Du bist Petrus und auf diesen Felsen werde ich meine Kirche bauen und die Mächte der Unterwelt werden sie nicht überwältigen. Christus bezeechent de Péitrus also als Fëllement vun der Kierch. De Péitrus gëtt spéider Bëschof vu Roum. Dofir gëtt et sou ausgeluecht wéi wa Christus de Péitrus als Poopst agesat hätt. Dëse Poopst huet d'Recht, als Stellvertrieder vu Christus, aner Priister z'ernennen. De Luther bezitt sech awer op de Matthäus 18,19, wou eng chrëschtlech Gemeinschaft als eng Versammlung vun op d'mannst zwee Mënschen ënner dem Numm Christi definéiert gëtt. A Verbindung mam Kapitel 12 vum 1. Korintherbréif gëtt d'Virstellung vum Laiepriistertum entwéckelt. De Paschtouer ass dann net méi de Nofollger vum Péitrus, dee vum Christus agesat gouf, mä dee Member vun der Gemeinschaft, deen am meeschte kapabel ass, dem Paschtouer seng Aufgaben, wéi d'Priedegen an d'Seelsorge, z'iwwerhuelen. Dëse Gemeinschaftsmember huet seng Positioun also net op Grond vu senger Wei mä op Grond vu senger Ausbildung.

Nei Liturgien änneren

Verschidde Reformatoren hu sech ëm d'Aféiere vun der Liturgie an der Landessprooch beméit. Doduerch goufen an de protestantesche Gebidder d'latengesch Massen ofgeschaaft. Den Zentrum vun dësen neie Liturgië war de Wortgottesdienst, also d'Priedegt an d'Liese vun de Schrëften.

Politesch Entwécklungen änneren

Däitschland änneren

D'Grondlage vun der Reformatioun waren, am Géigesaz zu de spéideren Interpretatiounen, net déi politesch a sozial Mëssstänn vun der Kierch. De Luther wollt fir d'éischt en theologescht Problem léisen. D'protestantesch Reichsfürsten hunn dogéint probéiert fir duerch d'Reformatioun hir eege politesch Problemer mam Keeser oder mam Poopst ze léisen.

Nieft den theologesche Streidereien ëm déi richteg Ausleeung vun der Bibel koumen dunn och politesch Aspekter dobäi. Déi nei Iddie ware fir d'Reichsfürsten eng ideal theologesch Begrënnung fir d'Steieren, déi si vu Roum operluecht kruten, reduzéieren ze kënnen. D'Entstoe vu protestantesche Landeskierchen huet d'Autonomie vun de Fürstenhaiser gestäerkt.

An der éischter Hallschent vum 16. Joerhonnert koum et zu verschiddene Kricher tëscht Katholicken a Protestanten. No dëse Kricher huet et geheescht: "cuius regio, eius religio" (wessen Land, dessen Glaube). An anere Wierder: De respektive Fürst huet d'Relioun a sengem Land bestëmmt.

Frankräich änneren

Siwwenzéng Provënzen änneren

England änneren

An England gouf d'Reformatioun virun allem aus politesche Grënn ausgeléist. Natierlech haten d'Theologen och aus eegene Grënn d'Schrëften an d'Wierke vu Martin Luther, Jean Calvin an Ulrich Zwingli mat Intressi verfollegt an et ass villen net ongeleeë komm, datt d'Geleeënheet sech elo gebueden huet fir bestëmmt Prinzipien, déi bis dohi vu Roum verbuede waren, an England uwenden ze kënnen. Sou ass z. B. probéiert gi fir d'Bibel an englescher Sprooch ze verbreeden, mä den Henry VIII. war do dergéint an huet den Iwwersetzer hiriichte gelooss. Eréischt ënner dem Edward VI. si gréisser Reformen agefouert ginn. No sengem Doud awer ass England, ënner der "Bluddeger Maria", erëm gewaltsam zur réimesch-kathoulescher Léier zeréckgefouert ginn. Eréischt ënner der Elizabeth I. huet d'anglikanesch Kierch sech definitiv an England etabléiert.

Schottland änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: John Knox.

Reaktioun vun der kathoulescher Kierch änneren

D'kathoulesch Kierch huet fir d'éischt probéiert fir z'iwwerzeegen. Wéi dat näischt genotzt huet, huet s'op politeschen a kierchlechen Drock gesat. De Luther huet misse flüchten an huet nëmmen iwwerlieft well en ënner fürstlechem Schutz stoung. D'Iddie vun der Reformatioun hu sech wéi e Laffeier ausgebreet. Grouss Deeler vun der Bevëlkerung an hir Fürste sinn zum neie Glawen iwwergetrueden.

Den deemolege Keeser Karl V. ass kathoulesch bliwwen. De Jesuittenuerden, dee vum Ignatius vu Loyola gegrënnt gi war, huet doropshin d'Géigereformatioun ageleet.

Bedeitung a Follgen änneren

D'Reformatioun war ee vun de groussen Evenementer an der Geschicht. Fir d'Geschicht vum Chrëschtentum war d'Reformatioun dee virleefegen Héichpunkt vun enger Entwécklung, déi vun der absolutter Muecht vun der kathoulescher Kierch bis zur Spléckung vun der Chrëschtenheet gefouert huet. Déi nei entstane Konfessioune konnte sech, no laangem Streiden, als gläichberechtegt Kierchen nieft der kathoulescher etabléieren. Déi zwou Säite ware schlussendlech zur reliéiser Toleranz gezwongen. D'kathoulesch Kierch huet net nëmme hiren Afloss a groussen Deeler vun Europa verluer, mä besonnesch och hiert Deitungsmonopol fir d'Bibel auszeleeën, dat bis dohin net unzezweiwele war.

Zwar gouf d'chrëschtlech Relioun duerch d'Reformatioun net grondleeënd a Fro gestallt, trotzdeem huet d'Reformatioun de Wee zum Zäitalter vun der Opklärung, wou dem eenzele Mënsch seng perséinlech Fräiheet däitlech opgewäert gouf, virbereet.

D'Reformatioun huet net nëmmen d'geeschtegt Liewe revolutionéiert, si huet och eng gesellschaftspolitesch Entwécklung an d'Weeër geleet. De Staat huet sech vun der Autoritéit vun der Kierch geléist fir se vu sech selwer ofhängeg ze maachen. Mä och dës Phas war nëmmen en Iwwergang an enger Entwécklung, déi a ville Länner zu der Trennung vu Kierch a Staat féiere sollt.

Sou huet d'Reformatioun, wäit iwwer déi eigentlech Reformatiounszäit eraus, gewierkt a war en Dréipunkt an der Entwécklung vun der moderner Gesellschaft.

Literatur änneren

  • Thomas Kaufmann, Erlöste und Verdammte. Eine Geschichte der Reformation; München (C. H. Beck), 2016; 508 S. (103 Illustratiounen + 4 Kaarten). ISBN 978-3-406-69607-7
  • Georges Casalis, Protestantisme ; Paräis (Librairie Larousse, coll. "Encyclopoche"), 1976; 256 Säiten. ISBN 2-03-001006-5
  • Ricarda Huch , Das Zeitalter der Glaubensspaltung ; Deutsche Geschichte, Bd. 2, mat engem Nowuert vum Golo Mann an 31 Holzschnëtter; Manesse Bibliothek der Weltgeschichte; Zürich (Manesse Verlag), 1987; 734 Säiten. ISBN 3-7175-8094-9 ("Gewebe") oder 3-7175-8095-7 ("Leder").

Um Spaweck änneren

  • Martin Luther [1]
  • Einführung in die Reformierte Geschichte [2]
  • Calvinianum [3]
  • Martin Luther und die Reformation [4]


Commons: Reformation – Biller, Videoen oder Audiodateien