De Piz Buin ass den héchste Bierg vu Vorarlberg. E läit an der Silvrettagrupp op der Grenz vu Graubünden (Schwäiz) a Vorarlberg (Éisträich).

De Piz Buin

De Piz Buin ass 3.312 Meter héich. Den Numm kënnt aus dem Rätoromaneschen a bedeit "Ochesspëtz". E gëtt an der Sivretta nëmme vun der riseger Pyramid vum Piz Linard mat 3.410 Meter a vum Fluchthorn mat 3.399 Meter iwwertraff. D'Grenz tëscht Éisträich an der Schwäiz verleeft genee iwwer d'Spëtz an ost-westlecher Richtung.

De vollen Numm op Rätoromanesch ass "Piz Buin Grond" (grousse Piz Buin), am Géigesaz zur Zwillingspëtz "Piz Buin Pitschen" (Klenge Piz Buin) mat 3.255 Meter, deen direkt widder dem Piz Buin ass.