Habsburg-Loutrengen ass den Numm vun den Haiser Habsburg a Loutrengen, wéi nom Doud vum leschte männlechen Habsburger, dem Keeser Karl VI., deem seng Duechter Maria Theresia zesumme mat hirem Mann François III. vu Loutrengen d'Nofolleg iwwerholl huet.

Aus der Habsburg-Loutrenger Branche koume vu 1745 bis zum Ënnergang vum Hellege Réimesche Räich 1806 weider Keeseren aus dësem Haus; dee leschte réimesch-däitsche Keeser, de Franz II., huet 1804 d'ierflecht Keesertum Éisträich gegrënnt, dat bis 1918 Bestand hat.

Niewelinne vun der Dynastie Habsburg-Loutrengen hunn an der Toskana, Modena a Parma souwéi kuerzzäiteg a Mexiko regéiert. Ëmgangssproochlech steet den Numm "Habsburg" och nach haut fir d'Dynastie Habsburg-Loutrengen.

Literatur änneren

  • Peter Berglar, Maria Theresia in Selbstzeugnissen und Bilddokumenten dargestellt ; Reinbek bei Hamburg (Rowohlt Taschenbuch Verlag), 1980.