De Johannes Brahms, gebuer de 7. Mee 1833 zu Hamburg a gestuerwen den 3. Abrëll 1897 zu Wien, war en däitsche Komponist.

Johannes Brahms
Pseudonym G.W. Marks
Gebuer 7. Mee 1833
Hamburg
Gestuerwen 3. Abrëll 1897
Wien
Doudesursaach Liewerkriibs
Nationalitéit Hamburg
Aktivitéit Komponist, Dirigent, Pianist
Member vun Académie des beaux-arts, Akademie der Künste Berlin

Vu sengem Papp dee Kontrabassist war huet de Johannes Brahms eng grëndlech Museksausbildung kritt an hien ass mat 10 Joer fir d'éischt als Pianist opgetrueden. Seng éischt Kompositounen huet hie bis op wéineg Ausname selwer zerstéiert.

1853 ass hie mam éisträichesche Violonist Reményi op eng Concertsrees gaangen an hien huet sech dobäi zu Hannover mam Violonist Joseph Joachim ugefrënnt, deen him de Robert Schumann virgestallt huet. Deen huet hien enthusiastesch der deemoleger Musekswelt als een zukünftegt Genie ugekënnegt. Dorophinn konnt de Brahms séier Frënn an Unhänger gewannen a souguer e puer Jugendwierker publizéieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Johannes Brahms – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Portrait vum Johannes Brahms vun 1853