Servior

Etablissement public mat soziale Servicer fir eeler Leit
(Virugeleet vu(n) SERVIOR)


Servior (Kontraktioun vu Service Senior), mam ganzen Numm Établissement public Centres, foyers et services pour personnes âgées, ass en ëffentlecht Etablissement zu Lëtzebuerg. Et bitt sozial Servicer fir Leit iwwer 60 Joer un.

SERVIOR
Typ Établissement public
Slogan Den Alter liewen
Grënnungsdatum 1. Januar 1999
Sëtz 1, Plateau du Rham
L-2427 Lëtzebuerg
Leedung Dominique Faber (President CA)
Alain Dichter (Generaldirekter)
Mataarbechter 1 790 (op den 31. Dezember 2015)[1]
Branche Sozialdéngschtleeschter
Homepage servior.lu

Geschicht änneren

D'Gesetz vum 23. Dezember 1998[2] gesäit d'Grënnung vun zwee ëffentlechen Etablissementer vir. Op der enger Säit den Établissement public Centres, foyers et services pour personnes âgées ënner der Tutelle vum Familljeministère, an op der anerer Säit en Etablissement public Centres de gériatrie ënner der Tutelle vum Gesondheetsministère.

Duerch d'Gesetz vum 22. Dezember 2000[3] gi déi béid Etablissementer zu engem eenzegen, ënner der Tutelle vum Familljeministère zesummegeschloss. Nieft de legislativen Definitiounen hunn se sech den Numm Servior (Service Senior) ginn. De roude Léiw am Logo soll un d'Wuerzelen an d'Evolutioun vu Servior erënneren, awer och d'Zeeche vu Sécherheet a Stäerkt sinn.

Strukturen änneren

Servior leet 8 CIPAen, 6 Fleegeheemer an eng encadréiert Residenz fir eeler Leit[4]:

Aktuell Ariichtungen änneren

Fréier Ariichtungen änneren

Servior bitt awer och nach aner Servicer fir Senioren un, sou z. B. Iessen op Rieder, e Mëttesdësch, Vakanzenzëmmeren an den Dagesfoyer „Am Gäertchen”.

Administratioun änneren

Verwaltungsrot vu SERVIOR
Period President
? -2010 Serge Eberhard
... ...
01.06.2015-19.07.2019 Héloïse Bock
19.07.2019-31.12.2022 Dominique Faber
Direktioun vu SERVIOR
Period Direkter
... ...
? Alain Dichter

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. http://www.servior.lu/sites/default/files/SERVIOR_Rapport_activite_2014_web_0.pdf
  2. Loi du 23 décembre 1998 portant création de deux établissements publics (...). legilux.public.lu (23.12.1998). Gekuckt de(n) 12.09.2020.
  3. Loi du 22 décembre 2000 portant a) reprise de l'établissement public Centres de Gériatrie par l'établissement public Centres, Foyers et Services pour personnes âgées (...). legilux.public.lu (22.12.2000). Gekuckt de(n) 12.09.2020.
  4. Tous nos centres d'hébergement. www.servior.lu. Gekuckt de(n) 12.09.2020.
  5. http://www.mywort.lu/mertzig/26329379.html
  6. http://www.wort.lu/de/view/altenheim-niederanven-das-vertrauen-ist-weg-4f61c482e4b0860580aa5e8b
  7. http://www.servior.lu/fr/node/225