Fort Thüngen

Fort vun der Festung Lëtzebuerg

De Fort Thüngen, am Volleksmond wéinst der apaarter Dekoratioun vu sengen Tierm „Dräi Eechele“ genannt, war e Fort vun der Festung Lëtzebuerg, deen zum baussenzege Festungsrank gehéiert huet. D'Iwwerreschter vum Fort leien am haitege Quartier Kierchbierg vun der Stad Lëtzebuerg.

Fort Thüngen
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'59"N, 6°8'20"O
Datum vum Bau 1733
De Fort Thüngen mat sengen dräi Eechelen

D'Festung hat am Joer 1867 aacht detachéiert Wierker an de Fort Thüngen ass dat eenzegt, vun deem nach grouss Deeler bestoe bliwwe sinn. Iwwerdeems en Deel vun den Héichstrukturen 1867 beim Schleefe vun der Festung zerstéiert gouf, ass déi ganz ënnerierdesch Konstruktioun bal komplett erhale ginn. Vum Fort sinn nëmmen d'Agangstierm an d'Grondmaueren, déi 1991 nees fräigeluecht goufe, erhale bliwwen.

De Ravelin ass deelweis zerstéiert ginn, fir dorop de Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean ze bauen.

Lag vum Fort änneren

De Fort Thüngen louch nord-nord-ëstlech vum Stadzentrum a war – nieft dem Fort Olizy an dem Fort Parkhöhe – dat drëtt detachéiert Wierk vun der Gréngewalder Front. De Fort louch 925 m Loftlinn vum Stadkär ewech. No lénks, bis bei de Fort Olizy waren et 300 m an no riets, bei de Fort Parkhöhe 435 m. De Fort Thüngen louch op enger Héicht vun 324 m iwwer dem Mieresspigel a war domat eng vun den héchste Plaze vun der Festung.

Geschicht änneren

Déi éischt Deeler vum Fort (deen deemools nach net Fort Thüngen housch) stamen aus dem Joer 1688. Op Initiativ vum Vauban war d'Gréngwalder Front mat mächtege Befestegungen ausstafféiert ginn, engersäits de Fort Obergrünewald a anersäits de Fort Niederegrünewald. Dat eent war en Hornwierk, dat anert e Krounwierk. Déi zwéi Baute waren duerch den Dall vun der Hiel – duerch deen zur Zäit vun de Réimer de strategesch wichtege Kiem vun Arel op Tréier gelaf ass – vunenee getrennt. Virum Fort Obergrünewald, op der Plaz, wou d'Éisträicher méi spéit de Fort Thüngen gebaut hunn, hat de Vauban d'Redoute du Parc, mat de bannenzegen Dimensioune vu 7 × 7 m opriichte gelooss. D'Redoute louch um Plateau a war warscheinlech als virgelagerten Observatiounstuerm fir de Fort Obergrünewald geduecht.

Den eigentleche Bau vum Fort Thüngen staamt aus dem Joer 1732, wéi d'Éisträicher decidéiert haten, de Verdeedegungssystem vun der Festung ze verstäerken. Den deemolege Bau gouf ënnert der Leedung vum éisträichesche Festungsingenieur Simon de Bauffe geleet. De Fort gouf dunn nom éisträichesche Festungskommandant Adam Sigmund von Thüngen genannt.

1836/1837 gouf de Fort vun de Preisen erweidert a krut och seng dräi ronn Tierm mat den Dräi Eechelen. Zousätzlech Aarbechte gouf et an de Joren 1859/1860; d'Aarbechte vun de Preise goufe vun den Ingenieure Meyer, Schrader a Frölich geleet

D'Haaptfunktioun vum Fort Thüngen war – fir zesumme mam Fort Parkhöhe – den Zougang op de Plateau an an d'Duerf Kirchbierg ze verdeedegen an ze verhënneren, datt de Feind duerch den Dall an de Pafendall kéim.

Um Kierchbierg erënnert haut nach eng Strooss un de Fort: d'Rue du Fort Thüngen.

Beschreiwung vum Fort Thüngen änneren

D'Iwwerreschter vum Fort Thüngen bestinn aus engem groussen Haaptreduit, enger Enveloppe, zwou Lunetten an de Reschter vun engem klenge Reduit.

Den Accès an de Fort war engersäits iwwer e geschützte Wee vum Fort Obergrünewald aus an anerersäits duerch eng 169 m laang Kasematt, déi am mëttelsten Tuerm, op der hënneschter Säit vum Gebai erauskomm, méiglech.

Am Haaptreduit waren eng ganz Rëtsch kasemattéiert Raim an et konnt aus 20 bis 23 Luken oder Scharte geschoss ginn. Wann néideg, konnt de Reduit als Krichskasär awer och eng Garnisoun ophuelen. Fir dës Zort vu Konstruktioun war de Reduit vum Fort Thüngen déi wichtegst vun der ganzer Festung. De Reduit war 96 m déif an hat eng geschate Fläch vun 953,35 m². Déi ganz Struktur hat just ee Stack a war staark verminnt. Just an den Tierm vun der Gorge war aus Verdeedegungsgrënn en éischte Stack, op deen ee mat enger Wendeltrap eropkoum. Iwwer déi Trap koum en och op d'Plattform wou verschidde Kanounen opgestallt konnte ginn.

Virum Reduit war eng Enveloppe, also e Bauwierk dat aus zwou Säiten an zwou Flanke besteet an de Reduit schützt. Béid Flanke vun der Enveloppe hate Kasematten an eng Abberzuel Scharten a Luken. Ronderëm dat ganzt Wierk ass e breeden an déiwe Gruef gelaf. Déi zwou Lunette vum Fort, déi baussent dem Gruef louchen, waren engersäits dofir do fir d'Flanke vun der Enveloppe ze beschützen an anerersäits fir de Gruef selwer ze verdeedegen.

Wat de Minnesystem vun der Festung ugeet, sou kann ee soen datt et den ausgedeensten an interessantste vun der ganzer Festung war. Ob et de Reduit, d'Enveloppe, oder d'Baussent vum Fort war, iwwerall gouf et eng beandrockend Zuel vu Galerien, déi all do eraus koumen, wou d'Polverchargë an d'Kanoune geluede goufen (Minnenuewen). Am Ganze gouf et am Fort Thüngen 33 Galerië mat 71 Minneniewen.

De Fort Thüngen war domat de Grondstee fir e méi breede Vereedegungssystem, zu deem d'Forten Obergrünewald, Niedergrüewald, Olizy a Parkhöhe gehéiert hunn. Obergrünewald an Niedergrüewald si beim Schleefe vun der Festung an de Joren 1870-1876 bal komplett verschwonnen, sou datt haut nach just d'Fëllementer an e puer Kasematten erhale sinn.

Musée Dräi Eechelen änneren

No Restauratiounsaarbechten ass de Musée Dräi Eechelen, Forteresse, Histoire, Identités. 2012 am Fort Thüngen installéiert ginn. De Musée ass eng Annexe vum Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht a steet ënnert der Leedung vum Conservateur délégué à la direction François Reinert.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Musée Dräi Eechelen - forteresse, histoire, identités.

Um Spaweck änneren

Commons: Fort Thüngen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller änneren

  Wierker vun der Festung Lëtzebuerg
wéi se 1867 bestoungen
 

Gréngewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort BerlaimontBatterie ChanclosBastioun 3 DauwenGouvernements-BastiounBastioun vum SchlassBatterie Altmünster
Baussenzeg Wierker: Fort NiedergrünewaldFort ObergrünewaldBatterie WeimeschhaffMalakoff-TuermHielepaart
Detachéiert Wierker: Fort OlizyFort ThüngenFort Parkhöhe

Tréierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-BefestegungenBatterie AltmünsterHelleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-BefestegungenRedoute Beaumont
Detachéiert Wierker: Fort ParkhöheFort DumoulinFort RubamprezFort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht ZitadellBastioun LouisBastioun BeckBastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort VerluerekaschtEisebunnsbatterieFort WallisFort BourbonDiddenuewener AvancéeFort ElisabethFort Peter
Detachéiert Wierker: Fort NeippergFort WedellFort Rheinsheim

Neipaartsfront
Bannenzeg Wierker:Bastioun JostBastioun CamusBastioun MarieNeipaart-BefestegungenBastioun Berlaimont
Baussenzeg Wierker: Fort PeterBatterie LambertFort LambertFort LouvignyFort VaubanFort MarieFort RoyalLunetten I - VI
Detachéiert Wierker: Fort RheinsheimFort DaunFort CharlesRedoute Marlborough

Paarten, Schleisen a Brécken
BiisserpaartDënselspaart/Tréierer PaartDiddenuewener PaartDräi TiermEecher PaartJuddepaartMansfeldspaartNei PaartHondshausRichenerpaartSeilerpaartSiichepaartSpuenesch PaartStierchenWeimeschhaffer Paart
Gronn-SchleisBourbon-SchleisBéinchen