D'Dräi Tierm, och alt Porte du Pfaffenthal genannt, gehéieren zu den eelste Bauwierker an der Stad Lëtzebuerg. De mëttleren, véiereckegen Tuerm war en Deel vun der zweeter Stadmauer a gouf ëm 1050 gebaut. Déi zwéi ronn baussenzeg Tierm koume warscheinlech Mëtt vum 13. Joerhonnert dobäi.

Dräi Tierm
D'Nordsäit vun den Dräi Tierm
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'45,108"N, 6°8'0,204"O
Datum vum Bau 1050 (julianesch)
D'Dräi Tierm vu Süden aus gesinn (2012)

Datt d'Tierm beim Schleefe vun der Festung net och hu missen dru gleewen, féiert de Roger Bour drop zeréck, datt se deemools nach bewunnt waren. De Capitaine Weydert vun der Fräiwëllegekompanie huet do bis zum Ufank vum 20. Joerhonnert gelieft.

D'Tierm hu spéiderhin als Prisong gedéngt an et heescht datt d'Guillotine, wa se net grad anzwousch gebraucht gouf, do ënnerbruecht war.

Nach haut droen d'Giichtercher am Prisong vu Schraasseg um Kollie vun hirer Uniform den Emblème mat den Dräi Tierm.

Tourismus änneren

D'Tierm selwer kënnen net besicht ginn, mä sinn en Unzéiungspunkt fir d'Touristen déi d'Stad besichen. Virum Gebai, beim Spueneschen Tiermchen, do wou d'Montée de Pfaffenthal op de Boulevard Jean-Ulveling an de Boulevard Victor-Thorn stéisst, huet een eng schéi Vue op de Pafendall an op de Kierchbierg.

Literatur änneren

  • Müller, Leo: Die Festung Luxemburg - Streifzüge durch Luxemburgs Geschichte und Gegenwart ; Lëtzebuerg, Verlag vun der Sankt-Paulus Dréckerei, 1932
  • Bour, Roger: Stadt und Festung Luxemburg von A-Z; Lëtzebuerg, Éditions Saint-Paul, 1992

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Dräi Tierm – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Wierker vun der Festung Lëtzebuerg
wéi se 1867 bestoungen
 

Gréngewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort BerlaimontBatterie ChanclosBastioun 3 DauwenGouvernements-BastiounBastioun vum SchlassBatterie Altmünster
Baussenzeg Wierker: Fort NiedergrünewaldFort ObergrünewaldBatterie WeimeschhaffMalakoff-TuermHielepaart
Detachéiert Wierker: Fort OlizyFort ThüngenFort Parkhöhe

Tréierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-BefestegungenBatterie AltmünsterHelleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-BefestegungenRedoute Beaumont
Detachéiert Wierker: Fort ParkhöheFort DumoulinFort RubamprezFort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht ZitadellBastioun LouisBastioun BeckBastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort VerluerekaschtEisebunnsbatterieFort WallisFort BourbonDiddenuewener AvancéeFort ElisabethFort Peter
Detachéiert Wierker: Fort NeippergFort WedellFort Rheinsheim

Neipaartsfront
Bannenzeg Wierker:Bastioun JostBastioun CamusBastioun MarieNeipaart-BefestegungenBastioun Berlaimont
Baussenzeg Wierker: Fort PeterBatterie LambertFort LambertFort LouvignyFort VaubanFort MarieFort RoyalLunetten I - VI
Detachéiert Wierker: Fort RheinsheimFort DaunFort CharlesRedoute Marlborough

Paarten, Schleisen a Brécken
BiisserpaartDënselspaart/Tréierer PaartDiddenuewener PaartDräi TiermEecher PaartJuddepaartMansfeldspaartNei PaartHondshausRichenerpaartSeilerpaartSiichepaartSpuenesch PaartStierchenWeimeschhaffer Paart
Gronn-SchleisBourbon-SchleisBéinchen