Hielepaart

Paart vun der Festung Lëtzebuerg

D'Hielepaart ass eng Paart vun der Festung Lëtzebuerg.

Hielepaart
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Strooss Rue des Trois-Glands
Koordinaten 49°36'58,0464"N, 6°8'10,6804"O
Architekt(en) Sébastien Le Prestre de Vauban
Datum vum Bau 1685

Si gouf gouf 1684 ënner dem Vauban an der Hiel (rue des Trois-Glands) gebaut. Iwwer Verdeedegungsmauere gouf d'Paart no lénks mam Fort Niedergrünewald an no riets mam Fort Obergrünewald verbonnen.

D'Paart steet um Wee vu engem fréiere Kiem dee Lëtzebuerg mat Tréier verbonnen huet. De Kiem gouf 1732 ofgedroe well en duerch seng héich Lag eng natierlech Protektioun fir d'Ugrëffer bei engem eventuellen Iwwerfall gebueden hätt.

D'Gebai a senger haiteger Form ass vun 1837 an d'Wierk vu preisesche Festungsbauer.

De Festungs-Dokumentatiounszenter huet säi Sëtz an der Hielepaart[1].

Um Spaweck änneren

Commons: Hielepaart – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. https://m3e.public.lu/fr/centre-de-documentation.html