Béinchen
De Béinchen ass eng Bréck vun der fréierer Festung Lëtzebuerg am Quartier Pafendall an der Stad Lëtzebuerg.
Geographie | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Plaz | Lëtzebuerg Pafendall |
Koordinaten |
49° 37’ 00.1’’ N 06° 07’ 55.3’’ O |
Funktioun | |
Benotzt als | Foussgängerbréck |
Féiert iwwer | Uelzecht |
Technesch Detailer | |
Totallängt | ca 100 m (tëscht den Tierm) |
Felder/Béi | 3 |
Material | Steng |
D'Bréck, déi haut als Foussgängerbréck benotzt gëtt, verbënnt d'Eecher Paart (Porte d'Eich) mat der Sichepaart (Porte des Bons-Malades), déi um lénkse respektiv um rietsen Uwänner vun der Uelzecht stinn.
Den Numm
ännerenD'Bréck huet dräi kleng Béi (Méizuel vu Bou), wouraus Béinchen am Volleksmond gouf.[1]
D'Festungsbréck
ännerenDe Béinchen ass en Deel vun der Festungsmauer déi vu 1684 bis 1685 no de Pläng vum Vauban queesch duerch den Uelzechtdall gebaut gouf, dat fir de Pafendall an d'Festung opzehuelen.
De Béinche war deemools befestegt an de Wee iwwer d'Bréck huet tëscht zwou héije Mauere mat Schéissschachte gefouert. Wann néideg goufe Gittere laanscht d'Bréckebéi erofgelooss, dat fir ze verhënneren datt feindlech Truppen iwwer d'Uelzecht an d'Festung era komme konnten.
No 1867, beim Schleefe vun der Festung, goufen déi zwou Maueren op zirka 1 Meter erof gesat.
D'Restauréierung an den Itinéraire Vauban
ännerenOp Initiativ vum Service des sites et monuments nationaux goufen an den 1990er Joren de Béinchen, déi zwou Vaubanspaarten an d'Festungsanlage bei der Eecher Paart restauréiert. De selwechte Service huet och den Itinéraire Vauban uleeë gelooss, e kulturellen Trëppeltour, mat Informatiounspanneauen an enger Broschür, deen ënner anerem iwwer de Béinche féiert.
UNESCO-Weltierwen
ännerenZanter 1994 stinn de Béinchen an d'Vaubanstierm zesumme mat den aneren Iwwerreschter vun der fréierer Festung Lëtzebuerg op der UNESCO-Lëscht vun de Weltierwen.
Beim Béinchen
ännerenBeim Béinchen ass den Numm vum Quartiersdeel nieft dem Béinchen um lénksen Uwänner vun der Uelzecht. Dee ganzen Haiserblock gouf den 30. Mee 1976 duerch d'Explosioun vu Bensinnsgasen an der Kanalisatioun an e Koup gehäit, woubäi dräi Mënschen ëm d'Liewe koumen. Tëscht 198x an 1986 gouf de Quartiersdeel erëm nei opgeriicht.
Literatur
änneren- Service des sites et monuments nationaux (Cyrille Savin, Text a Realisatioun), 2005. L'héritage culturel Vauban à Luxembourg. Guide historique. Itinéraire Vauban. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. 103 S. ISBN 2-87963-513-6
- Théato, F., 2007. Beim Béinchen. Société chorale royale grand-ducale Sang & Klang Pafendall. 1857 2007. S. 108. Éditions Sang & Klang Pafendall. Dréckerei Victor Bück, Lëtzebuerg.
Kuckt och
änneren- Festung Lëtzebuerg
- Franséisch Okkupatioun (1684-1697)
- Openthalt vum Louis XIV. vu Frankräich zu Lëtzebuerg (21. bis 26. Mee 1687)
- Sichenhaff, en Deel vum Quartier Pafendall
- Pafendaller Kierch
- Théiwesbuer, de Buer nieft der Pafendaller Kierch
Um Spaweck
ännerenCommons: Béinchen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ F. Théato, 2007. Beim Béinchen, S. 108.