Jules Vannérus

Historiker an Archivist

De Jules-Lucien Vannérus, gebuer den 2. Januar 1874 zu Dikrech, gestuerwen de 25. Januar 1970 zu Ixelles bei Bréissel, war en Historiker an Archivist.

Jules Vannérus
Gebuer 2. Januar 1874
Dikrech
Gestuerwen 1970
Ixelles
Nationalitéit Lëtzebuerg, Belsch
Aktivitéit Archivist, Historiker
Famill
Papp François-Ernest Vannérus

Säi Liewen änneren

Dem Jules Vannérus seng Elteren, de François-Ernest Vannerus (* 1830 zu Dikrech) an d'Marie Rosine Le Jeune (vun Arel), hate sech 1880 zu Bréissel niddergelooss. 1896 huet de Jules Vannérus duerch Optioun déi belsch Nationalitéit ugeholl. Hien huet sech awer ëmmer als Dikrecher betruecht, a seng Gebuertsstad huet hien, iwweregens mam Joseph Bech zesummen, den 9. Mee 1959 bei Geleeënheet vun der Aweiung vum neie Stadhaus, zum Éierebierger vun Dikrech gemaach.

De Jules Vannérus war vun der éischter Promotioun vun archivistes-paléographes, déi 1896 den Examen, deen 1895 offiziell agefouert gi war, gemaach haten. No engem kuerze Passage am Staatsarchiv zu Mons (Oktober 1898 bis Mee 1900) gouf hien Adjoint am Provënzarchiv vun Antwerpen. D'Nominatioun zum Konservator krut hien am Februar 1905. 1913 huet hien déi Plaz aus gesondheetleche Grënn verlooss. Eppes méi spéit gouf hie Konservator vum Krichsarchiv, engem Fong, deen 1919 geschaf gouf a spéider an d'Archives générales du Royaume zu Bréissel integréiert gouf.

De Jules Vannérus war Member oder Éieremember vu ville wëssenschaftleche Gesellschaften oder akadeemeschen Institutiounen, an dat souwuel an der Belsch wéi am Ausland, ugefaange mat Lëtzebuerg. Iwwregens gëtt et vun him sou vill historesch Aarbechten iwwer Lëtzebuerg, datt hien absolut als Lëtzebuerger Historiker gëllt.

1939 gouf hie fir dräi Joer zum Direkter vun der Academia belgica zu Roum ernannt. Wéinst dem Zweete Weltkrich huet hien awer schonn 1940 zeréck op Bréissel misse goen.

De Jules Vannérus war en Enkel vum Dikrecher Nottär François-Julien Vannerus, dee selwer zanter 1846 Member vun der deemoleger Société archéologique (haut Section historique vum Institut grand-ducal) war. Ee Brudder vum Jules Vannérus sengem Papp, den Henri Vannérus, war iwweregens och Member vun der Société archéologique tëscht 1859 an 1921.

Auszeechnungen änneren

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Le siège de Luxembourg de 1684. Relation du gouverneur le prince de Chimay publiée d'après le manuscrit original ; in: PSH, Bd. XLV, 1896; Ss. 16-65.
  • Un projet d'émigration en Hongrie des familles de Musson, Halanzy, Habay-la-Vieille et Tintigny, présenté en 1754 au gouvernement ; in: AIAL (= Annales de l'Institut archéologique du Luxembourg [belge]), Bd. XXXI, 1896; Ss. 201-217.
  • Au sujet de la publication de l'Histoire du Luxembourg, de Bertholet ; in: AIAL, Bd. XXXIV, 1899; Ss. 123-124.
  • Ancien mémoire généalogique et documents concernant la famille Wiltheim ; in: Ons Hémecht, Jg. 8, 1902.
  • Note sur la famille et le lieu de naissance du général Beck ; in: Ons Hémecht, Jg. 9, 1903; Ss. 434-442.
  • Les avoués d'Arlon ; in: Mélanges historiques, littéraires, philosophiques et archéologiques en l'honneur de M. Godefroid Kurth ; Bd. 1; Léck (H. Vaillant-Carmanne), 1908; Ss. 123-135.
  • (mam Ed. Bernays) Histoire numismatique du comté puis duché de Luxembourg et de ses fiefs ; eng Editioun vun der Académie royale de Belgique, classe des Lettres et des Sciences morales et politiques - Mémoires, 2. Serie, Bd. V; Bréissel (Palais des Académies), 1910. In-quarto, 802 Säiten, 30 'Planchen'.
  • Le comté de Vianden au commencement du XVIIe siècle. Enquête de 1617 sur ses limites ; in: Ons Hémecht, Jg. 16, 1910, passim (=> 41 Säiten am Ganzen).
  • Les archives de la guerre en Belgique; leur genèse, leur organisation, les résultats obtenus ; Rapport, deen am Abrëll 1923 um 5e Congrès international des Sciences historiques zu Bréissel virgestallt gouf.
  • L'origine luxembourgeoise des peintres van Orley ; in: RBPH (Revue belge de Philologie et d'Histoire), Bd. 3, 1924; Ss. 592-598.
  • Freudenburg, Freudenstein, Freudenkopp. Épisode de la politique féodale suivie par Jean l'Aveugle dans son comté de Luxembourg ; in: Mélanges d'histoire offerts à Henri Pirenne ; Bd. 2; Bréissel, 1926; Ss. 619-634.
  • Ricciacus et Caranusca ; in: PSH, Bd. 1928; Ss. 3-31 (mat enger topographescher Kaart).
  • Du nom de lieu luxembourgeois Pintsch au Pincio de Rome ; in Annuaire de la Société luxembourgeoise d'études linguistiques et dialectologiques, 1931-1932; Ss. p. 32-51.
  • Une nouvelle hypothèse à propos du "Long Mur" de Bitbourg ; in: RBPH, Bd. 12, 1933; Ss. 141-145.
  • Trois villes d'origine romaine dans l'ancien pays de Luxembourg: Arlon, Bitbourg et Yvois ; in: Académie royale de Belgique - Bulletin de la Classe des Lettres..., 5. Serie, Bd. 21, 1935; Ss. 150-175 & 226-256 (1 Kaart).
  • L'inscription romaine d'Amberloup: CVRIA ARDVENN ; in: Bulletin trimestriel de l'Institut archéologique du Luxembourg [belge], 1950; Ss. 488-528.
  • Les Lombards dans l'ancien pays de Luxembourg ; in: Bulletin de l'Institut historique belge de Rome, Bd. 27, 1952; Ss. 415-450.

Literatur änneren

  • Paul Würth-Majerus, Généalogie de la famille Vannérus de Diekirch ; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus Dréckerei), ouni Datum.
  • Joseph Goedert, Bio-bibliographie de Jules Vannérus ; Nr. 4 vun der Serie Bibliographia Luxemburgensis, erausgi vun der Nationalbibliothéik (haut BNL); Lëtzebuerg, 1970; 85 Säiten.
  • Jean-Marie Yante, VANNÉRUS, Lucien, Jules, archiviste et historien, né à Diekirch (Grand-Duché de Luxembourg) le 2 janvier 1874, décédé à Ixelles le 25 janvier 1970 ; in: Nouvelle Biographie nationale, Bd. II; Bréissel,1990; Ss. 365-367.
  • Noruff an der "Revue belge de philologie et d'histoire" op persée.fr