D'Nei Paart (Nei Puert am Stater Dialekt) war eng Paart vun der Festung Lëtzebuerg.

Nei Paart
D'Nei Paart op der Stater Säit
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°37'4,188"N, 6°7'40,188"O
Datum vum Bau 1626
Ofgerappt oder zerstéiert 1871
D'Nei Paart (1871), op der Stater Säit, a Richtung Glacis gekuckt
D'Nei Paart (1871), a Richtung Stad gekuckt

Et war tëscht 1626, wou se gebaut gouf, an 1871, wou s'ofgerappt gouf, d'Haaptpaart vun der Stad Lëtzebuerg. D'Paart selwer war schonn 1627 fäerdeg a gouf Sankt Marienpforte genannt.

No bannen hi gouf et e Pavillon an der Paart, an deem d'Krichsgeriicht zesummekoum. No baussen hin hat de Louis XIV. vu Frankräich, no der Eruewerung vun der Festung, 1684 eng Trophee ameessele gelooss, déi 1795 vun den Truppe vun der Franséischer Revolutioun zerstéiert gouf an duerch eng schwaarz Marberplack ersat gouf, op där stoung: Rendue à la République française le 24 Prairial An III (12. Juni 1795).

Den Napoleon Bonaparte huet sengersäits 1808 d'Paart ofdroen an duerch eng méi massiv ersetze gelooss. Bei där Geleeënheet gouf eng napoleonesch Adlerstatue driwwer gesat, déi direkt 1814 ewechgemaach an 1848 duerch en Duebeladler vum Däitsche Bond ersat gouf.

Wéi no 1867 d'Festung huet misse geschleeft ginn, huet de Stater Gemengerot am Juni 1869 decidéiert, d'Nei Puert als Bléckfank z'erhalen. Ma wéinst dem Wäert vum Terrain an aus anerer Grënn gouf dës Decisioun nees verworf. Wéinstens de baussenzege Fronton hätt sollen erhale ginn, mä och dovu war 1871, wéi d'Ofrappe konkreet gouf, keng Ried méi. Eenzeg d'Mariestatu, déi bannen iwwer der Entrée stoung, gouf, wéinst Protester, erhalen, a gouf an d'Eckgebai vis-à-vis (Eck Neipuertsgaass / Biedergaass), an den ofgeflaachten Eck an d'Fassad integréiert. 1876 gouf dëst ageweit[1]

Dat neit Eckkaus gouf sengersäits an den 1960er Joren duerch en anert Gebai ersat. Eng Kopie vun der Mariestatu koum an den neigebaute Forum Royal, an e Bou iwwer den Trëttoir; d'Original ass ewell am Musée Dräi Eechelen ze gesinn.

Neipuertsgaass

änneren

Haut erënnert nach den Numm vun der Strooss, d'Neipuertsgaass (avenue de la Porte-Neuve), déi dohigefouert huet, un déi Paart. D'Neipuertsgaass verbënnt d'Groussgaass mam Rond-Point Robert-Schuman. Zanter dem 21. Juli 1877 heescht dës Strooss sou, nodeem d'Festung geschleeft gouf, bis bei d'Biedergaass an zanter 1925 bis op de Glacis.

Um Spaweck

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Porte-Neuve – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Wierker vun der Festung Lëtzebuerg
wéi se 1867 bestoungen
 

Gréngewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort BerlaimontBatterie ChanclosBastioun 3 DauwenGouvernements-BastiounBastioun vum SchlassBatterie Altmünster
Baussenzeg Wierker: Fort NiedergrünewaldFort ObergrünewaldBatterie WeimeschhaffMalakoff-TuermHielepaart
Detachéiert Wierker: Fort OlizyFort ThüngenFort Parkhöhe

Tréierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-BefestegungenBatterie AltmünsterHelleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-BefestegungenRedoute Beaumont
Detachéiert Wierker: Fort ParkhöheFort DumoulinFort RubamprezFort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht ZitadellBastioun LouisBastioun BeckBastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort VerluerekaschtEisebunnsbatterieFort WallisFort BourbonDiddenuewener AvancéeFort ElisabethFort Peter
Detachéiert Wierker: Fort NeippergFort WedellFort Rheinsheim

Neipaartsfront
Bannenzeg Wierker:Bastioun JostBastioun CamusBastioun MarieNeipaart-BefestegungenBastioun Berlaimont
Baussenzeg Wierker: Fort PeterBatterie LambertFort LambertFort LouvignyFort VaubanFort MarieFort RoyalLunetten I - VI
Detachéiert Wierker: Fort RheinsheimFort DaunFort CharlesRedoute Marlborough

Paarten, Schleisen a Brécken
BiisserpaartDënselspaart/Tréierer PaartDiddenuewener PaartDräi TiermEecher PaartJuddepaartMansfeldspaartNei PaartHondshausRichenerpaartSeilerpaartSiichepaartSpuenesch PaartStierchenWeimeschhaffer Paart
Gronn-SchleisBourbon-SchleisBéinchen

Referenzen

änneren
  1. "Avant-après: Auriez-vous préféré vivre à Luxembourg en 1900 ?" wort.lu, Slide: "Rue des Bains", 18. Mee 2016, 06:00.