Fort Rheinsheim
De Fort Rheinsheim war e Fort vun der Festung Lëtzebuerg, deen an der Zäit gebaut gouf, wéi Lëtzebuerg zu den Éisträicheschen Nidderlande gehéiert huet (1713-1795). Zu där Zäit huet et gegollt, de Verdeedegungssystem dee vun de Fransouse gebaut gi war, ze verstäerken an ze vervollstännegen. Et war e Befestegungsrank ugeluecht ginn, vum Eecher Bierg bis bei de Péitrussdall, also vum Fort Charles bis bei de Fort Peter an de Fort Rheinsheim.
Mam Bau vum Fort Rheinsheim – deen no engem héijen Éisträichesche Festungsoffizéier genannt gouf - ass 1733 ugefaange ginn. De fënnefeckege Reduit war sengerzäit ee vun de modernsten a militäresch-technesch am beschten ekipéierten Anlagen. Den Zweck vum Reduit war ë. a. fir déi Gebidder ze schützen déi net esou gutt geséchert waren (Hollerech, Gaasperech).
Iwwer Joerzéngte gouf de Reduit e puermol moderniséiert a verstäerkt, souguer nach 1867, kuerz ier mat den Aarbechten huet missen opgehale ginn, agestallt well Lëtzebuerg onofhängeg an als neutral erkläert gouf. Wéi d'Festung Lëtzebuerg geraumt an duerno geschleeft gouf, ass d'Stad séier méi grouss ginn an et goufen nei Stroossenzich ugeluecht.
Déi geplangt Verlängerung vun der Avenue Marie-Thérèse a Richtung Hollerech ass duerch de Fort Peter an de Fort Rheinsheim gaangen. Op de Grondmauere vum Fort Rheinsheim gouf no de Pläng vum Architekt Jean-François Eydt de Bëschofskonvikt gebaut, deen als „Internat Maria Rheinsheim“ fir d'Studenten aus dem Secondaire den 1. Oktober 1872 seng Dieren opgemaach huet.
Haut erënnert eng Strooss, d'Rue du Fort-Rheinsheim, un dat fréiert Festungswierk.