Biisserpaart

fréier Paart fir an d'Festung Lëtzebuerg

D'Biisserpaart ass eng fréier Paart fir an d'Festung Lëtzebuerg. Se steet am Biisserwee am Quartier Gronn vun der Stad Lëtzebuerg.

Biisserpaart
D'Biisserpaart (vu baussen)
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Place Auguste-Engel
Koordinaten 49°36'29,34"N, 6°8'20,51"O
Datum vum Bau 15. Joerhonnert (julianesch)

Geschicht änneren

 
D'Maierchen op engem Bild vum Sosthène Weis (1937)
 
D'Maierche mat der Biisserbréck am Hannergrond

Vum südëstleche Wupp vum Rumm-Plateau aus féiert eng Trap an den Uelzechtdall erof, déi um Wiergank vun enger mëttelalterlecher Mauer, genannt Maierchen erauskënnt. D'Maierchen huet zur drëtter Festungsmauer vun der Festung Lëtzebuerg gehéiert a gouf am 15. Joerhonnert gebaut. Se sollt d'Festung a Richtung Osten zou maachen an ass vun de Fielsen ënnerzeg der Rumm, iwwer de Biisserwee an d'Uelzecht bis bei d'Fielsen um rietsen Uwänner ënnerzeg vum Fort Verluerekascht gaangen. Zesumme mat der Festungsmauer gouf och eng quadratesch Paart am Biisserwee gebaut, déi nom Numm vum Wee, Biisserpaart genannt gouf. D'Paart war just vun niewesächlecher Bedeitung, well se méi dacks zou wéi op war. Et kann ee se deemno éischter als eng Poterne bezeechnen.

Vun hirem Bau bis zum Ufank vum 20.Joerhonnert hat d'Biisserpaart hiert mëttelalterlecht Ausgesi behalen, ma se gouf 1907 aus Grënn vun der ëffentlecher Hygiène opgemaach an de baussenzegen Deel gouf zerstéiert. Aus de selwechte Grënn goufen d'Haiser am Biisserwee, déi widder dem Fiels ënner Rumm-Plateau stoungen, ofgerappt. Haut gesäit ee laanscht der Auguste-Engel-Plaz nach d'Iwwerreschter vun dësen Haiser.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Biisserpaart – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Wierker vun der Festung Lëtzebuerg
wéi se 1867 bestoungen
 

Gréngewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort BerlaimontBatterie ChanclosBastioun 3 DauwenGouvernements-BastiounBastioun vum SchlassBatterie Altmünster
Baussenzeg Wierker: Fort NiedergrünewaldFort ObergrünewaldBatterie WeimeschhaffMalakoff-TuermHielepaart
Detachéiert Wierker: Fort OlizyFort ThüngenFort Parkhöhe

Tréierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-BefestegungenBatterie AltmünsterHelleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-BefestegungenRedoute Beaumont
Detachéiert Wierker: Fort ParkhöheFort DumoulinFort RubamprezFort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht ZitadellBastioun LouisBastioun BeckBastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort VerluerekaschtEisebunnsbatterieFort WallisFort BourbonDiddenuewener AvancéeFort ElisabethFort Peter
Detachéiert Wierker: Fort NeippergFort WedellFort Rheinsheim

Neipaartsfront
Bannenzeg Wierker:Bastioun JostBastioun CamusBastioun MarieNeipaart-BefestegungenBastioun Berlaimont
Baussenzeg Wierker: Fort PeterBatterie LambertFort LambertFort LouvignyFort VaubanFort MarieFort RoyalLunetten I - VI
Detachéiert Wierker: Fort RheinsheimFort DaunFort CharlesRedoute Marlborough

Paarten, Schleisen a Brécken
BiisserpaartDënselspaart/Tréierer PaartDiddenuewener PaartDräi TiermEecher PaartJuddepaartMansfeldspaartNei PaartHondshausRichenerpaartSeilerpaartSiichepaartSpuenesch PaartStierchenWeimeschhaffer Paart
Gronn-SchleisBourbon-SchleisBéinchen

Referenzen änneren