Eecher Paart

fréier Paart fir an d'Festung Lëtzebuerg

D'Eecher Paart ass eng fréier Paart fir an d'Festung Lëtzebuerg, am Pafendall. Si steet um lénksen Uwänner vun der Uelzecht an ass iwwer eng Bréck, Béinchen genannt, mat hirer "Sëschter", der Sichepaart, verbonnen.

Eecher Paart
D'Eecher Paart, vu baussen.
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'59,00"N, 6°7'51,53"O
Architekt(en) Sébastien Le Prestre de Vauban
Datum vum Bau 1685
Genannt no Eech
Gruef a Reschter vum Ravelin, déi nees fräi geluecht goufen.

D'Eecher Paart gouf no Pläng vum Vauban gebaut, deen de Pafendall mat an d'Festung abanne wollt, a sou nei Verdeedegungsanlagen am Uelzechtdall bäibaue gelooss huet.[1]

D'Eecher Paart hat eng Zuchbréck, déi bei Gefor eropgeklappt konnt ginn. Um éischte Stack war e Quartéier mat Feldbetter fir d'Wiechter amenagéiert, déi do permanent present waren. 1743 hunn d'Éisträicher zousätzlech e kasemattéierte Ravelin virun d'Paart gebaut, an e Gruef ugeluecht, fir se nach besser kënnen ze schützen.

Dëse gouf, wéi d'Festung 1868-1872 geschleeft gouf, planéiert, an d'hëlze Bréck duerch eng stengen ersat.

Den Tuerm ass hautdesdaags bewunnt.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Eecher Paart – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Wierker vun der Festung Lëtzebuerg
wéi se 1867 bestoungen
 

Gréngewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort BerlaimontBatterie ChanclosBastioun 3 DauwenGouvernements-BastiounBastioun vum SchlassBatterie Altmünster
Baussenzeg Wierker: Fort NiedergrünewaldFort ObergrünewaldBatterie WeimeschhaffMalakoff-TuermHielepaart
Detachéiert Wierker: Fort OlizyFort ThüngenFort Parkhöhe

Tréierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-BefestegungenBatterie AltmünsterHelleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-BefestegungenRedoute Beaumont
Detachéiert Wierker: Fort ParkhöheFort DumoulinFort RubamprezFort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht ZitadellBastioun LouisBastioun BeckBastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort VerluerekaschtEisebunnsbatterieFort WallisFort BourbonDiddenuewener AvancéeFort ElisabethFort Peter
Detachéiert Wierker: Fort NeippergFort WedellFort Rheinsheim

Neipaartsfront
Bannenzeg Wierker:Bastioun JostBastioun CamusBastioun MarieNeipaart-BefestegungenBastioun Berlaimont
Baussenzeg Wierker: Fort PeterBatterie LambertFort LambertFort LouvignyFort VaubanFort MarieFort RoyalLunetten I - VI
Detachéiert Wierker: Fort RheinsheimFort DaunFort CharlesRedoute Marlborough

Paarten, Schleisen a Brécken
BiisserpaartDënselspaart/Tréierer PaartDiddenuewener PaartDräi TiermEecher PaartJuddepaartMansfeldspaartNei PaartHondshausRichenerpaartSeilerpaartSiichepaartSpuenesch PaartStierchenWeimeschhaffer Paart
Gronn-SchleisBourbon-SchleisBéinchen

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Panneau bei der Paart.