Waassertierm an der Stad Lëtzebuerg

Am allgemenge sinn d'Waassertierm am 19. Joerhonnert opkomm, wéi se bei de Garen opgeriicht goufe fir datt d'Damplokomotiven do konnte mat Waasser gefëllt ginn.

An der 2. Hallschent vum 19. Joerhonnert, wéi d'Stied iwwerall gewuess sinn, goufen d'Waassertierm dunn opgeriicht fir d'Verdeele vu propperem Waasser ze garantéieren.

Als Architekt vun der Stad Lëtzebuerg huet de Jean-François Eydt géint 1866 déi éischt ënnerierdesch Waasserleitung mat engem 342 Meter laangen Tunnel an der Stad Lëtzebuerg geplangt, an zwar vun der Quell bei der Eecher Paart bis bei de Pëtz vun der Neipuert. Eng Dampmaschinn – déi op där Plaz stoung wou haut d'Biederplaz ass – huet d'Waasser an eng Zetär um Plateau vum Fort Berlaimont gepompelt vu wou aus et duerch d'Waasserleitung op verschidde Plazen an der Stad verdeelt gouf wou d'Leit et gratis un engem ëffentleche Stroossebur zape konnten.

Waassertuerm op der Rumm änneren

Fir datt d'Truppen ëmmer mat frëschem Waasser kéinte beliwwert ginn, gouf ënnert der éisträichescher Herrschaft e Pëtz um Bord vum Rumm-Plateau gebaut. Dës Aarbechten hunn awer 1795 missen agestallt ginn, wéi d'Festung vun de Fransousen ageholl gouf.

De Pëtz ass vun der preisescher Garnisoun fäerdeg gebaut ginn a konnt 1814 a Betrib geholl ginn. 1842-1843 gouf de Pëtz du vun de Preise mat enger Drockpompel équipéiert an et gouf e bommeséchert Gebai ronderëm gebaut. Gläichzäiteg gouf en 8-eckege Waassertuerm gebaut, deen nach haut besteet. D'Waasser aus dem Pëtz gouf an dëse Baseng gepompelt an op dës Manéier konnt sécher gestallt ginn, datt d'Militärkichen, déi just hannendru louch, ëmmer frëscht Waasser hätt.

Waassertuerm um Lampertsbierg änneren

Tëscht 1885 a 1887 war um héchste Punkt vum Lampertsbierg e Waasserbaseng opgeriicht ginn, dee mat Waasser aus der Quell vun der Eecher Paart gespeist gouf. 1890 huet sech erausgestallt, datt dee Baseng mat Typhus contaminéiert war an et gouf decidéiert, Waasser vu Koplescht op de Lampertsbierg ze leede fir et vun do aus weider ze verdeelen.

No de Pläng vum Antoine Luja gouf dunn an de Joren 1902/1903 vum Entreprener Ledrut de Waassertuerm nieft dem éischte Baseng gebaut. Den Tuerm ass awer ni als Waassertuerm benotzt ginn.

Waassertuerm zu Zéisseng änneren

Fir der Nofro u Waasser am Quartier Gaasperech nozekommen, ass tëscht 1932 an 1933 en neie Waassertuerm um Tubishaff um Kuelebierg zu Zéisseng gebaut ginn. Architekt vun dësem Tuerm war den Nicolas Petit (1876-1953). Et goufen och nei Leitunge geluecht vun der Escher Strooss bis bei den neien Tuerm.

Am Ufank ass den Tuerm mat Waasser aus der Quell vun de Märeler Wise gespeist ginn, méi spéit zum Deel och nach mat Waasser vun der Pompelstatioun op der Polvermillen.

Hautdesdaags fléisst Waasser vun der SEBES an den Tuerm um Tubishaff a gëtt vun do aus op Gaasperech, Zéisseng, op d'Cloche d'or an an de Gaasperecher Bann verdeelt.

Waassertuerm um Belair änneren

1935 gouf um Belair, um Lieu-dit “Wandmillen” e Waassertuerm mat enger Capacitéit vun 110 m³ gebaut. E gouf gebraucht fir d'Maternité an d'Haiser ronderëm mat Waasser ze versuergen. Grad wéi den Tuerm zu Zéisseng, gouf och dëse vum Nicolas Petit gebaut.

Wéi de Baseng am Bambësch bis gebaut war, gouf de Belairer Waassertuerm ausser Betrib gesat.

Waassertuerm zu Bouneweg änneren

Izegerstrooss änneren

1946 war am Waasserwierk vun der Stad Lëtzebuerg e Projet opkomm fir en änleche Waassertuerm wéi deen um Tubishaff an der Izegerstrooss zu Bouneweg ze bauen, fir sou de südlechen Deel vu Bouneweg mat Waasser ze beliwweren. Eng 400 Meter laang Verbindungsleitung vun der Deportatiounsstrooss (deemools Sedan-Strooss) bis an d'Franklinstrooss sollt de Waasserdrock um Gaasperecher Plateau erhéijen. Dëse Projet gouf awer ni realiséiert.

Kaltreis änneren

1988 gouf der Stad Lëtzebuerg hiren neiste Waassertuerm um Kaltreis a Betrib geholl. Den Tuerm dee korjéiserweis um Gebitt vun der Nopeschgemeng Hesper läit, huet eng Capacitéit vun 2.000 m³ a garantéiert d'Waasserverdeelung op de Plateaue ronderëm.

Gaasperecher Bann/Cloche d'or änneren

Um Bord vun der Cloche d'or, laanscht der Autobunn A6 steet zanter 2017 e Waassertuerm mat zwéi Basenge vun allkéiers 500 m3. En ass 60 Meter héich an 18 Meter breet a beliwwert déi nei Quartieren am Süde vun der Stad mat Waasser.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Waassertuerm op der Cloche d'or.

Zukunftsprojet änneren

Kierchbierg änneren

Fir mat der urbanistescher Entwécklung um Kierchbierger Plateau matzehalen, gëtt en neie Waassertuerm gebaut, deen eng direkt Verbindung mam Tuerm um Sennengerbierg kritt. D'Stad Lëtzebuerg hat en Architekteconcours ausgeschriwwe fir de Bau vun dësem neie Waassertuerm[1]. Beim Concours ass Enn Juni 2016 de Projet vum spueneschen Architektebüro „Temperaturas Extremas Arquitectos“ zesumme mat „Simon-Christiansen & Associés“ vum Jury zeréckbehale ginn.

Den Tuerm kritt 2 Basenge mat engem Volume vu 415 m³ respektiv 585 m³[2].

Mam Bau fir den neie 50 Meter héijen Tuerm um nord-ëstleche Bord vum Kierchbierg hätt scho sollen 2017 ugefaange ginn; no laangem Gedeessems hunn d'Bauaarbechten un de Fëllementer ufanks 2022 ugefaangen, am November 2023 soll de Projet fäerdeg sinn. De Käschtepunkt läit bei ronn 11 Milliounen Euro.[3]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Waassertuerm um Kierchbierg.

Biller änneren

Literatur änneren

  • Jean Schiltz, Nico Pundel „Les châteaux d'eau de la ville de Luxembourg“ an der Revue technique luxembourgeoise, hors série # 008 (PDF), fir d'lescht gekuckt de 16. Januar 2015
  • Claude Wolwert, „L'An 1989: il y a vingt-cinq ans fut inauguré le château d'eau "Kaltreis" à Bonnevoie“ an den „Nouvelles de Bonnevoie = Bouneweger Neiegkeeten“, Entente de sociétés de Bonnevoie N° 137 (sept. 2014), p. 1-3, ill.
  • Top Secret, Auch das ist Luxemburg ; Eichtorquelle Pfaffenthal, Säit 67-71. (Éditions Saint-Paul 2007)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Waassertierm an der Stad Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Presse-Communiqué (20.03.2015) vun der Stad Lëtzebuerg am Kader vum Internationalen Dag vum Waasser (22. Mäerz); fir d'lescht gekuckt den 31. Mäerz 2015
  2. Compte rendu analytique vun der Gemengerotssëtzung vum 9. Juli 2018, op der Websäit vun der Stater Gemeng, fir d'lescht gekuckt den 21. Oktober 2018
  3. De Kierchbierg kritt en neie Waassertuerm." rtl.lu, 07.02.2022.