Fort Niedergrünewald
De Fort Niedergrünewald (franséisch: Fort du Bas-Grünewald) war e Baussewierk vun der Festung Lëtzebuerg a gouf tëscht 1684 a 1685 um Kierchbierger Plateau no Pläng vum franséische Festungsarchitekt an –ingenieur Sébastien Le Prestre de Vauban gebaut. Et war e grousse Fort, dee gläichzäiteg de Kierchbierger Plateau an de Pafendall beherrscht huet.
En Deel vun den Iwwerreschter vum Fort Niedergrünewald | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°36'58,8064"N, 6°8'2,0868"O |
Architekt(en) | Sébastien Le Prestre de Vauban |
Datum vum Bau | 1685 |
Ofgerappt oder zerstéiert | 1876 |
Baugeschicht
ännerenNom Fall vun der Festung un d'Fransouse 1684, huet de Vauban op deene Plazen, op deenen hie selwer seng Artillerie placéiert hat fir d'Festung stuermräif ze schéissen, Befestegunge baue gelooss. Op där Plaz, vu wou hien d'Nei Paart beschéisse gelooss huet, huet hien e grousse Fort baue gelooss, de Fort Niedergrünewald.
E bestoung aus engem klenge Reduit, dee vun engem Gruef ëmgi war an direkt um Hang zum Pafendall louch. Virun de Reduit war e sougenannt Krounwierk gebaut, dat aus enger zentraler Bastioun bestoung, déi zu béide Säiten un zwou Hallefbastiounen ugebonne war.
Nërdlech vum Reduit huet eng Hallefbastioun, déi an 2 Niveaue gebaut war, direkt um Hang getrount. Eng Courtine huet d'Verbindung zu enger Bastioun am Nordoste vum Fort gemaach. Am Géigesaz zu de meeschte Bastiounen, déi kuerz a gedronge gebaut waren, war dës Bastioun spatz no bausse gezunn, fir den Hiwwel zur Stadsäit hi besser kontrolléieren ze kënnen. Dëst war doduerch néideg ginn, datt déi lénks Hallefbastioun hallef am Hang louch an doduerch quasi eng direkt Vue vun enger op déi aner Positioun net méiglech war. Eng weider Courtine huet d'Zentralbastioun mat der rietser Hallefbastioun verbonnen.
Virun den 2 Courtinë ware jee eng Lunette oder Ravelin, déi d'Courtine beschütze sollt. Déi riets Lunette war duerch eng Caponnière mat der Courtine verbonnen. Ongewéinlech war beim Fort Niedergrünewald eng grouss fräi Plaz bannen am Fort, tëscht der Redoute an de Bastiounen. Op där Plaz goufen Äerdschanzen opgeworf, déi et de Verdeedeger erméigleche sollten de Fort ze halen, souguer wann déi baussenzeg Wierker vum Géigner geholl gi wieren.
Spéider Modifikatiounen
ännerenAn de Joren nom Bau goufe kaum Ännerungen um Fort virgeholl, vu datt de Fort de Kierchbierger Plateau an de Pafendaller Accès gutt genuch dominéiert huet, wat beweist vu wéi enger Qualitéit dem Vauban seng Aarbecht war. 1733 gouf e bësse versat virum Fort Niedergrünewald de Fort Olizy gebaut, dee mam Niedergrünewald duerch eng ënnerierdesch Kasematt verbonne gouf. D'Kiel zur Stadsäit hi gouf spéider mat enger Mauer mat Schéissschaarte fir Gewierer zougemaach an 1860-1861 gouf hanner der lénkser Courtine e Krichspolvermagaséng gebaut. Déi eigentlech Vedeedegungsanlage blouwen onverännert bestoe bis d'Wierk geschleeft gouf.
Militäresch Funktioun
ännerenDuerch de Bau vum Fort Niedergrünewald an den anere Wierker op de Gréngewalder Front gouf de Pafendall fir d'éischt Kéier an de Festungsberéng mat era geholl. De Fort huet de Kierchbierger Plateau an de Pafendaller Accès fir an d'Festung kontrolléiert.
No Südwesten ass eng Mauer erof op déi 2 Pafendaller Paarten, d'Siichepaart an d'Eecher Paart, gelaf. No Südosten hin ass eng weider Mauer erof op d'Hiel-Paart gelaf. Eng Kasematt huet de Fort mat de Vauban-Kasären am Pafendall verbonnen. Eng zweet Kasematt huet de Fort Niedergründewald mat dem detachéierte Fort Olizy verbonnen.
Den iwwerierdeschen Accès war iwwer e géie Wee aus dem Pafendall erop méiglech, dee riets nieft der Redoute erauskoum. E weidere gedeckte Verbindungswee goung iwwerierdesch bei de Fort Olizy.
Um Hiwwel südlech vum Fort Niedergrünewald louchen d'Forten Obergrünewald an Thüngen, a vis-à-vis, um Stater Plateau, d'Forte Berlaimont a Charles an d'Batterie Chanclos. Dës Wierker zesumme sollten am Fall vun engem Ugrëff all Accès duerch de Pafendall, vu Weimeschkierch hir oder iwwer de Kierchbierg blockéieren.
Schleefen an haitegen Zoustand
ännerenDen 21. August 1867 gouf de Fort den zivillen Autoritéiten iwwerginn. Vu datt d'Ëffnung vun der Uewerstad méi wichteg war, gouf eréischt 1870 ugefaangen, déi éischt Schanzen op de Befestegungen ze schleefen. De Polvermagaséng gouf 1872, d'Bastiounen, Courtinen, Ravelins an de Reduit 1874 – 1876, deelweis duerch Sprengen zerstéiert[2].
Am Géigesaz zum Fort Obergrünewald, deen zu engem groussen Deel erëm opgebaut ginn ass, besti vum Fort Niedergrünewald nëmme Reschter. Um Gebitt vum Fort goufe grouss ëffentlech Parkanlagen ugeluecht.
Déi lénks Flank vun der lénkser Hallefbastioun läit fräi a stäipt den Hang, an op dëser ass och nach eng Échaugette, e sougenannte „Spueneschen Tiermchen“ erhalen. De Reduit am Zentrum vum Fort war laang verschott, gouf awer erëm fräigeraumt an zum Deel opgebaut, an ass haut fräi zougänglech, grad wéi de Gruef ronderëm dëse Reduit an eng Kasematt an der Spëtzt vum Gruef. D'Courtine zur Stadsäit zou ass renovéiert a bis op de selwechten Niveau wéi de Reduit erëm opgebaut ginn. D'Kasematten ënner dem Reduit si mat enger Féierung zougänglech. D'Zentralbastioun a riets d'Hallefbastioun si weider verschott[3].
Um Spaweck
ännerenCommons: Fort Niedergrünewald – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Les forts du Grünewald
- ↑ Koltz, Jean-Pierre. Baugeschichte der Stadt und Festung Luxemburg. Band 2: Beschreibung und Schleifung der Festungswerke. Lëtzebuerg: Victor Bück (1946). S 79ff.
- ↑ Och: Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg a.s.b.l.