Harry Dean Stanton

US-amerikanesche Schauspiller

Den Harry Dean Stanton, gebuer de 14. Juli 1926 zu West Irvine, am Kentucky, a gestuerwen de 15. September 2017, war en US-amerikanesche Schauspiller[1]. Hie gëllt als ee vun de villsäitegsten Nieweschauspiller vum amerikanesche Film.

Harry Dean Stanton
Gebuer 14. Juli 1926
Irvine
Gestuerwen 15. September 2017
Cedars-Sinai Medical Center
Doudesursaach Otemnout
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vum Kentucky,
Pasadena Playhouse,
Lafayette High School
Aktivitéit Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Sänger, Museker, Charakterschauspiller, Schauspiller

Liewen änneren

De Stanton war am Zweete Weltkrich an der United States Navy, huet duerno op der University of Kentucky studéiert an ass do an enger Opféierung vum George Bernard Shaw sengem Pygmalion opgetrueden. Hien ass dunn a Kalifornien an de renomméierten Pasadena Playhouse Theater gaangen. Hie krut éischt Filmrollen an huet sech séier en Numm gemaacht als e verlässlechen Nieweschauspiller, deen duerch seng charakteristesch Zich opgefall ass. 1984 krut de Stanton eng vu senge raren Haaptrollen am Wim Wenders sengem Film Paris, Texas. Dacks huet hie skurril oder geheimnisvoll Personnage gespillt.

A meeschtens kuerze, mä pregnante Rollen ass hien a bekannte Filmer opgefall, sou zum Beispill an Alien oder The Last Temptation of Christ. Hien huet e puermol mam David Lynch gedréint, fir d'éischt Kéier als Privatdetektiv a Wild at Heart (1990) a fir d'lescht an Twin Peaks: Fire Walk with Me (2016).

Den Harry Dean Stanton ass de 15. September 2017 am Alter vun 91 Joer am Cedars-Katharine Medical Center zu Los Angeles gestuerwen.

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1957 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis 2009 änneren

vun 2010 bis 2017 änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Harry Dean Stanton – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Harry Dean Stanton, star de "Paris, Texas" et de "Big Love", meurt à 91 ans, 5minutes.rtl.lu, gekuckt de 16. September 2017