Suzanne Flon

franséisch Schauspillerin

D'Suzanne Flon, gebuer den 28. Januar 1918 zu Kremlin-Bicêtre am Val-de-Marne, a gestuerwen de 15. Juni 2005 an enger Klinick zu Paräis un de Follge vun enger Gastroenterite (Mo-Daarm-Entzündung), war eng franséisch Theater- a Filmschauspillerin.

Suzanne Flon
Pseudonym Anne Lancel
Gebuer 28. Januar 1918
Le Kremlin-Bicêtre
Gestuerwen 15. Juni 2005
8. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Famill
Liewenspartner(in) John Huston

D'Suzanne Flon schafft fir d'éischt an de Grands Magasins du Printemps wou se wéinst hirer Zweesproochegkeet englesch Touriste beréit.

Si ass besonnesch vum Theater hier bekannt. Nodeem si e puer Méint d'Sekretärin vun der Édith Piaf war, krut si 1943 d'Brieder ënner d'Féiss an der Comédie des Champs-Élysées wou si ënner anere Rollen 1944 d'Ismène am Jean Anouilh senger Antigone spillt.

Nom Zweete Weltkrich dréit si Filmer mat ville grousse Filmregisseure wéi de Claude Autan-Lara, den John Huston an den Orson Welles. Hire leschte Film war dem Claude Chabrol säi La demoiselle de bonheur.

Hire leschten ëffentlechen Optrëtt hat d'Suzanne Flon den 8. Mee 2005 op der Bün vun der Opéra comique zu Paräis bei der Ouverture vun der XIVe Nuit des Molières.

Filmographie änneren

Kino änneren

Gielercher änneren

Kino änneren

  • 1984: César fir déi bescht Schauspillerin an enger Nieweroll am Film L'été meurtrier
  • 1990: César fir déi bescht Schauspillerin an enger Nieweroll am Film La Vouivre

Theater änneren

Au théâtre comme au cinéma, cette actrice-née donnait avant tout l'impression d'être elle-même, schreift de Jacques Chirac a sengem Hommage nom Doud vun der Suzanne Flon, an e begréisst la netteté de sa voix, la finesse de ses traits et la grâce de sa silhouette. Elle avait le secret de la jeunesse de l'âme et du coeur, qui est aussi celui de l'enthousiasme et de la volonté. Sous une apparence frêle, elle était animée d'une énergie inlassable qui continuait sans cesse de la porter, à près de 90 ans, vers de nouveaux projets, poursuit le communiqué diffusé par l'Elysée.

Um Spaweck änneren

Commons: Suzanne Flon – Biller, Videoen oder Audiodateien