Jean Bouise

franséische Schauspiller

De Jean Bouise, gebuer als Jean Joseph Bouise den 3. Juni 1929 zu Le Havre a gestuerwen de 6. Juli 1989 zu Lyon, war e franséische Schauspiller.

Jean Bouise
Gebuertsnumm Jean Joseph Bouise
Gebuer 3. Juni 1929
Le Havre
Gestuerwen 6. Juli 1989
Lyon
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller
Famill
Bestuet mat Isabelle Sadoyan

De Jean Bouise huet seng Schauspillercarrière am Joer 1951 mat dem Theaterstéck Bottines et collets montés nom Eugène Labiche a Georges Courteline ënner der Regie vum Roger Planchon am Théâtre de la Comédie de Lyon zu Lyon ugefaangen.

Seng éischt Roll a Kino krut hien eréischt am Joer 1962 am Film El otro Cristóbal vum Armand Gatti deen 1963 um Filmfestival vu Cannes gelaf ass.

Am Film Tintin et les oranges bleues (1964) vum Philippe Condroyer huet hien de Kapitän Haddock gespillt. Duerno koume vill Filmer vu bedeitende Filmregisseuren an deenen de Jean Bouise haaptsächlech an Niewerolle matgespillt huet. Sou war hien ze gesinn a La vieille dame indigne (1965) vum René Allio, La guerre est finie (1966) vum Alain Resnais, Z (1969) vum Costa-Gavras, Dupont Lajoie (1975) vum Yves Boisset, Le vieux fusil (1975) vum Robert Enrico an Nikita (1990) vum Luc Besson.

Filmographie änneren

vun 1963 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1990 änneren

Um Spaweck änneren