Henry Koster

däitsche Filmregisseur
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Henry Koster, gebuer als Hermann Kosterlitz den 1. Mee 1905 zu Berlin a gestuerwen den 21. September 1988 zu Camarillo a Kalifornien, war en däitsch-US-amerikanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Henry Koster
Gebuertsnumm Hermann Julius Kosterlitz
Gebuer 1. Mee 1905
Berlin
Gestuerwen 21. September 1988
Camarillo
Nationalitéit Däitschland, USA
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur
Famill
Bestuet mat Peggy Moran
Geschwëster Hans Walter Kosterlitz

De Koster huet seng éischt Filmer an Däitschland gedréit. Als Judd huet hien Däitschland wéi d’Nationalsozialisten d’Muecht iwwerholl hunn am Joer 1933 verlooss.1936 krut hien e Kontrakt bei Universal Pictures zu Hollywood an huet duerno an de Vereenegte Staate vun Amerika gelieft an huet och do als Filmregisseur geschafft.

1953 huet hie mat The Robe den éischte Film am CinemaScope Format gedréit. Als Regisseur huet hie weider bekannt Filmer wéi The Bishop's Wife (1947) mam Cary Grant, Harvey (1950) mam James Stewart, My Cousin Rachel (1952) mat der Olivia de Havilland an Désirée (1954) mam Marlon Brando an der Jean Simmons gedréit,

Filmographie

änneren

als Regisseur

änneren

Um Spaweck

änneren