Spencer Tracy

US-amerikanesche Schauspiller

De Spencer Bonaventure Tracy, gebuer de 5. Abrëll 1900 zu Milwaukee, am Wisconsin, a gestuerwen den 10. Juni 1967 zu Beverly Hills, a Kalifornien, war en US-amerikanesche Filmschauspiller.

Spencer Tracy
Gebuertsnumm Spencer Bonaventure Tracy
Gebuer 5. Abrëll 1900
Milwaukee
Gestuerwen 10. Juni 1967
Los Angeles
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun American Academy of Dramatic Arts
Aktivitéit Schauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Partei Demokratesch Partei
Famill
Liewenspartner(in) Katharine Hepburn

Hien huet seng Carrière beim Theater ugefaangen, a goung 1930 op Hollywood, wou e fir d'éischt bannent 5 Joer a 19 Filmer fir d'20th Century Fox ënner Kontrakt stoung, duerno war en 20 Joer laang ee vun den Haapt-Stare vun der Metro-Goldwyn-Mayer. Hien huet 1938 an 1939 den Oscar als beschte Schauspiller gewonnen (fir Captains Courageous a Boys Town).

De Spencer Tracy hat eng breet Pallett vu Rolle gespillt, eeschter wéi komescher. Hien huet 5 Filmer mat der Katharine Hepburn zesummegespillt, mat där e vun uganks den 1940er Joren un och privat - méi oder manner heemlech, well e war mat enger anere Fra bestuet - liéiert war. Besonnesch a senge spéide Filmer huet hien dacks gruet, gerecht a mënschlech Personnagë verkierpert.

Hien ass ee Mount nom Enn vun den Dréiaarbechte vum leschte Film, wou e matgespillt huet, Guess who's Coming for Dinner Tonight gestuerwen.

Filmographie (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Spencer Tracy – Biller, Videoen oder Audiodateien