The Flight of the Phoenix (Film 1965)

Film vum Robert Aldrich (1965)

The Flight of the Phoenix ass en US-amerikanesche Film vum Robert Aldrich aus dem Joer 1965 no engem Roman vum Elleston Trevor.

The Flight of the Phoenix
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 1965
Première 1965
Dauer 142 min
Faarf Faarweg
Format - DeLuxe
1,85:1 -
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Robert Aldrich
Dréibuch Lukas Heller
no engem Roman vum
Elleston Trevor
Fotografie Joseph Biroc
Musek Frank De Vol
Schnëtt Michael Luciano
Dekoren William Glasgow
Produzent Robert Aldrich
The Associates & Aldrich Company
Schauspiller
James Stewart als Frank Towns
Richard Attenborough als Lew Moran
Peter Finch als Captain Harris
Hardy Krüger als Heinrich Dorfmann
Ernest Borgnine als Trucker Cobb
Ian Bannen als Crow
Ronald Fraser als Sergeant Watson
Christian Marquand als Dr. Renaud
Dan Duryea als Standish
George Kennedy als Bellamy
Gabriele Tinti als Gabriel
Alex Montoya als Carlos
Peter Bravos als Tasso
William Aldrich als Bill
Barrie Chase als Farida
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

E Fliger muss an engem Sandstuerm an der Wüst noutlanden. De Fliger gëtt staark beschiedegt. Wéi keng Hëllef kënnt, gëtt beschloss, aus de Stécker déi nach ze gebrauche sinn en neie Fliger ze bauen…

Soss änneren

Bei den Dréiaarbechte vun der Zeen vun der Noutlandung koum de Pilot a Cascadeur Paul Mantz ëm d'Liewen, wéi säi Fliger, de speziell fir de Film gebauten Tallmantz Phoenix P-1 e klengen Hiwwel ze pake krut an auserneegebrach ass. Den zweete Mann de Cascadeur Billy Rose deen den Hardy Krüger an där Zeen duerstelle sollt, koum mat engem Schëller- a Beckebroch dervun.

Am Joer 2004 huet den John Moore e Remake vun dësem Film ënner dem Titel Flight of the Phoenix gedréint.

Um Spaweck änneren