Sandra Dee

amerikanesch Schauspillerin

D'Sandra Dee, gebuer den 23. Abrëll 1942 zu Bayonne am New Jersey a gestuerwen den 20. Februar 2005 zu Los Angeles; eigentlech Alexandra Zuck war eng US-amerikanesch Filmschauspillerin.

Sandra Dee
am Trailer zum Film "Imitation of Life" (1959)
Gebuertsnumm Alexandra Zuck
Gebuer 23. Abrëll 1942
Gestuerwen 20. Februar 2005
Thousand Oaks
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Educatioun Professional Children's School
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Mannequin, Sänger
Famill
Bestuet mat Bobby Darin

No e puer Joer als Model an Tëleeproduktiounen huet si 1957 mat manner wéi 15 Joer hir éischt Filmroll gespillt am Untill they Sail. No hirem Bestietnes 1960 mat dem Popsänger Bobby Darin huet si mat deem zesummen an enger Rei vun Teenage-Romanze gespillt, déi kommerzielle Succès haten. No der Trennung 1967 an e puer zweetklassege Filmer huet si sech aus dem Filmgeschäft zeréckgezunn.

Spéider hat si eescht Problemer mat hirer Gesondheet, déi dozou gefouert hunn, datt se no enger Longenentzündung den 20. Februar 2005 gestuerwen ass.

2004 gouf um Toronto International Film Festival de Film Beyond the Sea virgestallt. E Film iwwer d'Koppel Bobby Darin a Sandra Dee. De Kevin Spyacey, Produzent, Regisseur an Haaptduersteller séngt souguer selwer, d'Sandra Dee gëtt vun der Kate Bosworth gespillt.

Filmer änneren

Kino änneren

Televisioun änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Sandra Dee – Biller, Videoen oder Audiodateien