Frank Capra
De Frank Capra, gebuer als Francesco Rosario Capra den 18. Mee 1897 zu Bisacquino op Sizilien a gestuerwen den 3. September 1991 zu La Quinta, Kalifornien, war en US-amerikanesche Filmregisseur.
Frank Capra | |
---|---|
Gebuertsnumm | Francesco Rosario Capra |
Gebuer |
18. Mee 1897 Bisacquino |
Gestuerwen | 3. September 1991 |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Kinnekräich Italien, Italien, USA |
Educatioun | California Institute of Technology |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Banjospiller, Gewerkschaftler, Regisseur |
Partei | Republican Party |
Famill | |
Kanner | Frank Capra Jr. |
De klenge Francesco ass mat 5 Joer mat senger Famill an Amerika emigréiert, wou en zu Los Angeles opgewuess ass. 1918 huet hien en Diplom als Chimieingenieur gemaach. Nom Krich huet hie sech mat Geleeënheetsaarbechten duerchgeschloen a war ë. a. Ressender fir Fotomaterial. 1922 gouf hien, op eng Annonce hin, als Regisseur fir ee Stommfilm engagéiert, an huet, och nodeem déi Produktiounsfirma faillite goung, weider fir de Film geschafft; 1925 koum e bei d'Equipe vun Dréibuchauteure vum Hal Roach a gouf Gag-Auteur vum Harry Langdon, deen doduerch grousse Succès krut. 1928 goung e bei ee vun de Poverty-Row-Studioen, aus deem spéider Columbia Pictures gouf a fir déi e bis 1939 geschafft huet an déi duerch de Succès vu senge Filmer zum Duerchbroch koum. Am Abrëll 1945 huet de Capra zesumme mam William Wyler a mam George Stevens seng eege Filmproduktionsfirma Liberty Films gegrënnt. Ufanks vun den 1960er Joren huet hie sech aus dem Filmgeschäft zeréckgezunn.
De Capra hat besonnesch an den 1930er an 1940er Jore grousse Succès mat Comédieën, an deenen e "klenge Mann" sech an der Gesellschaft duerchgesat huet (z. B. Mr Smith Goes to Washington, Meet John Doe). Hie krut 1934, 1936 an 1938 fir It happened one Night, Mr. Deeds goes to town an You can't Take It with You den Oscar fir déi bescht Regie, a fir de leschtegenannten als Produzent och dee fir de beschte Film.
Am Zweete Weltkrich huet hie vun 1942 bis 1945 fir d'US Army d'Serie vu Propaganda-Documetnairë Why We Fight gedréint.
Zu senge bekanntste Filmer zielen d'Fantasymelodram It's a Wonderful Life mam James Stewart an Arseic and Old Lace mam Cary Grant.
Filmographie
änneren
|
|
Autobiographie
änneren- Frank Capra: The Name Above the Title. (Däitsch: Autobiografie. Diogenes, Zürich 1992, ISBN 3-257-01938-6).
Literatur (Auswiel)
änneren- Victor Scherle, William Turner Levy: The Complete Films of Frank Capra. Citadel Press, New York und Secaucus 1992, ISBN 0-8065-1296-2.
- Jeanine Basinger (Ed.): The It's a Wonderful Life Book. Alfred A. Knopf, New York 1994, ISBN 0-394-74719-4.
- Robert Sklar, Vito Zagarrio, Thomas Schatz: Frank Capra. Autorship and the Studio System. Temple University Press, Philadelphia 1998, ISBN 1-56639-608-5.
Um Spaweck
ännerenCommons: Frank Capra – Biller, Videoen oder Audiodateien |