Den Terrence Malick, gebuer den 30. November 1943 zu Waco am Texas, ass en amerikanesche Filmregisseur a Dréibuchauteur.

Terrence Malick
Gebuertsnumm Terrence Frederick Malick
Gebuer 30. November 1943
Nationalitéit USA
Educatioun Magdalen College,
Harvard Universitéit
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmregisseur, Filmproduzent, Journalist, Iwwersetzer, Filmschauspiller, Regisseur
Member vun American Academy of Arts and Sciences, Phi Beta Kappa, WGA West, Directors Guild of America

1969 huet en e Kuerzfilm (Lanton Mills) gedréint. Säin éischte Laangspillfilm (Badlands) huet en 1973-1974 gedréint. En erzielt d'Geschicht vun zwéi jonke Verbriecher. 1978 dréint en Days of Heaven e Film bei deem souzesoen all Bild en Tableau ass. 20 Joer héiert een dunn näischt méi vum Terrence Malick. 1998 iwwerrascht hien dann d'Filmwelt erëm mat dem Krichsfilm The Thin Red Line. Dëse Film ass alt erëm anescht wéi een dat vu Krichsfilmer gewinnt ass.

Dem Terrence Malick seng Filmer sinn aussergewéinlech a se si schwéier ze beschreiwen, awer mat nëmme 5 Langspillfilmer geet hien an d'Filmgeschicht an.

De Malick gëtt ni Interviewen a weist sech ni bei enger Präisverdeelung, an e schwätzt souguer ni Audiokommentaren op den DVDen. An de leschte Joren ass en dräimol ëffentlech opgetrueden:

  • op der Berlinale 1999 bei der Première vum "Thin Red Line"
  • op der Berlinale 2004 bei der Première vum "New World"
  • 2007 um "Filmfest" zu Roum

Filmographie änneren

als Regisseur änneren

Filmographie Produktioun änneren

Filmographie Dréibuch änneren

Fir ze kucken änneren

Dem Malick seng laang Filmer sinn all op DVD ze kréien; den "Days of Heaven" souguer och bei Criterion.

Um Spaweck änneren