Gena Rowlands

US-amerikanesch Schauspillerin

D'Virginia Cathryn "Gena" Rowlands, gebuer den 19. Juni 1930 zu Madison am Wisconsin, ass eng US-amerikanesch Schauspillerin.

Gena Rowlands
D'Gena Rowlands (1992).
Gebuertsnumm Virginia Cathryn Rowlands
Gebuer 19. Juni 1930
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Wisconsin-Madison,
American Academy of Dramatic Arts
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller
Famill
Bestuet mat John Cassavetes
Papp Edwin Myrwyn Rowlands
Mamm Lady Rowlands
Kanner Nick Cassavetes, Alexandra Cassavetes, Zoe Cassavetes

Si huet 1954 de Schauspiller John Cassavetes bestuet, dee s'op der Konschtakademie zu New York kennegeléiert hat. Si blouwe bis zum Cassavetes sengem Doud, 1989, zesummen, a si hat mat him dräi Kanner, déi allen dräi Regisseure sinn.

Bis d'Enn vun den 1950er Joren huet d'Gena Rowlands Theater gespillt. Hiren éischte Film war 1958 dem José Ferrer säin High Cost of Loving.

Si huet an 10 Filmer vun hirem Mann John Cassavetes matgespillt, dorënner A Woman Under the Influence (1974) a Gloria (1980), fir déi s'eng Oscar-Nominéierung krut. Och a Filmer vun hirem Jong Nick Cassavetes huet si matgespillt, zum Beispiel an Unhook the Stars.

Filmographie änneren

 
D'Rowlands beim Filmfestival vu Cannes (2006).

Kino änneren

TV (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gena Rowlands – Biller, Videoen oder Audiodateien