Alien (Film)
Alien ass en US-amerikanesch-brittesche Film vum Ridley Scott aus dem Joer 1979 no enger Geschicht vum Dan O'Bannon a Ronald Shusett.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
USA Groussbritannien |
Produktiounsjoer | 1979 |
Première | 25 Mee 1979 |
Dauer | 117 min |
Faarf | Faarweg |
Eastmancolor | |
Format | 2,35:1 - 35 mm |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Ridley Scott |
Dréibuch | Dan O'Bannon |
Fotografie | Derek Vanlint |
Musek | Jerry Goldsmith |
Schnëtt |
Terry Rawlings David Crowther Peter Weatherley |
Dekoren | Michael Seymour |
Produzent |
Gordon Carroll David Giler Walter Hill |
Produktiouns- gesellschaft |
20th Century Fox, Brandywine Productions |
Distributioun | InterCom, Netflix |
Schauspiller | |
Tom Skerritt als Dallas Sigourney Weaver als Ripley Veronica Cartwright als Lambert Harry Dean Stanton als Brett John Hurt als Kane Ian Holm als Ash Yaphet Kotto als Parker Bolaji Badejo als Alien | |
Ëm wat geet et am Film?Änneren
Am Joer 2122 flitt d'Raumschëff Nostromo no engem laangen Openthalt am Weltall zréck op d'Äerd. Ënnerwee fänkt den Equipage e Signal op, dat vun engem onbewunnte Planetoid kënnt. Si huelen un datt et e Noutruff ass. Um Planetoid fanne s'awer nëmmen en zerstéiert Raumschëff. Vun do schleefe si en onbekannt Wiese mat an hiert Raumschëff, dat sech um Kapp vun engem vun hinne festgekrallt huet. Séier mierken se datt dat e fatale Feeler war,…
SossÄnneren
De grousse Succès vum Film, eng Mëschung aus Horror- an Actionfilm, deen an engem Science-Fiction-Kader spillt, huet zu e puer Suitë gefouert. Verschidden Dekoren an och dat friemt Wiese goufe vum Hansruedi Giger entworf.
Alien ass deen éischten Action-Film, an deem eng Fra d'Haaptroll spillt, an um Enn an engem Duell ëm Liewen an Doud dem Géigner géintiwwer steet. En huet der Sigourney Weaver hirer Carrière zum Erfolleg verhollef.
Kuckt ochÄnneren
- Aliens (1986)
- Alien³ (1992)
- Alien: Resurrection (1997)