Terry Gilliam

brittesche Filmregisseur, Schauspiller an Animatiounsfilmmécher

Den Terence Vance Gilliam, gebuer den 22. November 1940 zu Medicine Lake, Minnesota, ass e brittesche Filmregisseur, Schauspiller an Animatiounsfilmmécher vun amerikaneschen Originnen. Hie war ee vun de Membere vun der Monty Python Grupp.

Terry Gilliam
Gebuertsnumm Terrence Vance Gilliam
Gebuer 22. November 1940
Minneapolis
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, USA
Educatioun Birmingham High School
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Komiker, Animateur, Filmschauspiller, Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmproduzent, Comicauteur, Regisseur
Member vun Monty Python
Den Terry Gilliam zu Bréissel bei der Première vun Tideland (06.06.2006)

No der High school huet hie fir d'éischt Physik, duerno Konscht a schlussendlech Politikwëssenschaft studéiert. Hien huet un der Uniszeitung Fang matgeschafft a gouf fir ee Joer hire Chefredakter. Hie war deemools staark vum Humor vum Mad magazine beaflosst, deen deemools vum Harvey Kurtzman erausgi gouf. No der Uni huet de Gilliam kuerz bei enger Publicitéitsagence geschafft, duerno an der Zäitschrëft Help!.

Als Zeechner änneren

Den Terry Gilliam huet seng Carrière als Zeechentrickfilm- a Comiczeechner ugefaangen. Hien ass an England geplënnert, wou e fir d'Tëleesserie Do Not Adjust Your Set geschafft huet, a wou en déi spéider Monty-Python-Memberen Eric Idle, Terry Jones, a Michael Palin kennegeléiert huet. Hie war dann och bei der Grënnung vum Monty Python's Flying Circus dobäi.

Als Regisseur änneren

Dem Gilliam säin Intressi huet sech ëmmer méi zum Dréibuchschreiwen an zu der Filmregie hin entwéckelt.

Filmer ënner senger Regie änneren

Säi Versuch, dem Miguel de Cervantes säin Don Quijote mam Jean Rochefort an der Haaptroll ze verfilmen, ass an d'Filmgeschicht agaangen, well e bal 20 Joer gebraucht huet, fir en ze dréinen an erauszebréngen. Eng Abberzuel vu groussen a klenge Katastrophen bei der Produktioun/Finanzéierung, den Tournagen, der Participatioun vun den Haaptakteuren, asw. hunn d'Realisatioun ëmmer nees ënnerbrach, an de Film konnt eréischt 2018 op dem Filmfestival vu Cannes gewise ginn.

Soss änneren

2002 huet de Gilliam d'Regie fir eng Rëtsch Reklamme fir Nike gefouert. Hie war och 2006 Regisseur vun der Theatershow "Slava's Diabolo", vum russesche Clown Slava Polunin.

Bibliographie änneren

  • Gilliam, Terry and Christie, Ian (Ed.) (1999). Gilliam On Gilliam. Faber & Faber. ISBN 0-571-19190-8
  • From Fringe to Flying Circus - 'Celebrating a Unique Generation of Comedy 1960-1980' - Roger Wilmut, Eyre Methuen Ltd, 1980.

Um Spaweck änneren

Commons: Terry Gilliam – Biller, Videoen oder Audiodateien