Mary Steenburgen

amerikanesch Schauspillerin
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Mary Steenburgen, gebuer den 8. Februar 1953 zu Newport an Arkansas, ass eng US-amerikanesch Schauspillerin.

Mary Steenburgen
Gebuertsnumm Mary Nell Steenburgen
Gebuer 8. Februar 1953
Newport
Nationalitéit USA
Educatioun Hendrix College,
North Little Rock High School,
Neighborhood Playhouse
Aktivitéit Televisiounsproduzent, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Filmproduzent, Synchronspriecher
Famill
Bestuet mat Malcolm McDowell, Ted Danson
Kanner Charlie McDowell

1978 krut si a Goin' South vum Jack Nicholson hir éischt Roll an engem Kinosfilm. Duerno huet si a Filmer vu bedeitende Regisseure wéi Milos Forman, Jonathan Demme, Woody Allen, Martin Ritt, Arthur Penn, Bertrand Tavernier a Lindsay Anderson matgespillt.

1981 krut si en Oscar an e Golden Globe als bescht Schauspillerin an enger Nieweroll am Film Melvin and Howard (1980).

Si war vun 1980 bis 1990 mam Schauspiller Malcolm McDowell bestuet. Duerno huet si sech 1995 mam Schauspiller Ted Danson bestuet.

Filmographie änneren

Kino änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Mary Steenburgen – Biller, Videoen oder Audiodateien