John Carpenter

amerikanesche Regisseur

Den John Howard Carpenter gebuer de 16. Januar 1948 zu Carthage, ass en amerikanesche Regisseur, Dréibuchauteur, Produzent, Schauspiller, a Filmmusek-Komponist. En ass zu Bowling Green am Kentucky opgewuess. Schonn a jonke Joren huet hien ugefaange sech fir de Film z'interesséieren.

John Carpenter
Gebuertsnumm John Howard Carpenter
Gebuer 16. Januar 1948
Carthage
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Südkalifornien,
USC School of Cinematic Arts,
Western Kentucky Universit
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Komponist, Schrëftsteller, Filmkomponist, Regisseur, Filmproduzent, Schauspiller
Member vun WGA West
Famill
Bestuet mat Adrienne Barbeau

D'Leidenschaft fir d'Musek hat hie vu sengem Papp, de Museker war. Fir bal all seng Filmer huet hien d'Filmmusek selwer komponéiert.

Mat véierzéng Joer huet hien dunn ugefaange seng éischt Kuerzfilmer ze dréien. Fir d'éischt studéiert hien op der Western Kentucky Universitéit. Duerno geet hien op Filmschoul op d'Universitéit vu Südkalifornien, wou hien op der Sektioun Kino war. Do schonn huet hie säin éischten offizielle Kuerzfilm The Resurrection of Broncho Billy gedréint. Dëse Film huet him säin éischten Oscar fir Kuerzfilm abruecht. Net laang drop, an den John Carpenter gëtt als Meeschter vum Grujelfilm ugesinn.

Vun 1979 bis 1984 war e mat der Schauspillerin Adrienne Barbeau bestuet an huet sech eng zweet Kéier 1990 mat der Produzentin Sandy King bestuet.

Filmographie änneren

Komponist änneren

Produzent änneren

Regisseur änneren

Kuerzfilmer änneren

Filmer änneren

Dréibuchauteur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren