Gare Dummeldeng
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() | |||||
Streck | 1 | ||||
PK | 20,830 | ||||
Quaien | 2 | ||||
Gleiser | 5 | ||||
Uertschaft | Dummeldeng | ||||
Gemeng | Lëtzebuerg | ||||
Kanton | Lëtzebuerg | ||||
Koordinaten | 49° 38’ 02’’ N 6° 08’ 12’’ O | ||||
Websäit | CFL.lu |
D'Gare vun Dummeldeng ass eng Gare op der CFL-Streck 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Lëtzebuerg an der Gare Walfer vun der Lëtzebuerger Eisebunn.
D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn geet vun Ettelbréck op Dikrech an eng weider Antenn zweigt zu Kautebaach of a féiert bis op Wolz.
D'Gare vun Dummeldeng huet e gratis Park & Rail-Parking a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
GeschichtÄnneren
Fréier war Dummeldeng eng wichteg Gare op der Nordstreck. Wéi d'Dummeldenger Schmelz nach a Betrib war ass d'Minett mat der Eisebunn op Dummeldeng komm an déi fäerdeg Stolproduitë sinn vun hei aus uechter d'Land an an d'Ausland gefouert ginn.
Mam Enn vun der Stolproduktioun op der Dummeldenger Schmelz huet den Trafic zwar ofgeholl, mä wéinst hirer Lag um ënneschten Enn vun der 13‰ géier Pente bis an d'Stader Gare huet d'Dummeldenger Gare weiderhi vill Zich passéiere gesinn. Déi schwéier Kocksrammen déi aus Däitschland iwwer d'Belsch an d'Minettsgéigend koume kruten hei eng weider Lokomotiv ugekrempt iert et déi géi Pente an d'Stad erop goung.
Zich déi an der Gare halenÄnneren
Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg | Pafendall-Kierchbierg | RB CFL-Linn 10 |
Walfer | Dikrech | ||
Lëtzebuerg | Pafendall-Kierchbierg | RE CFL-Linn 10 |
Walfer | Ëlwen oder Gouvy |
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Gare Dummeldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Dummeldeng op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Dummeldeng op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Dummeldeng op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
| |||
Lëtzebuerg - Ëlwen: Lëtzebuerg - Pafendall-Kierchbierg - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Colmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Ëlwen
|