Gare Lëntgen

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn


D'Gare vu Lëntgen ass eng Gare op der CFL-Streck 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Luerenzweiler an der Gare Miersch vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Gare Lëntgen

Streck 1
PK 31,123
Quaien 2
Gleiser 2
Uertschaft Lëntgen
Gemeng Lëntgen
Kanton Miersch
Koordinaten 49° 43’ 15’’ N
      6° 07’ 23’’ O
Websäit CFL.lu

D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn geet vun Ettelbréck op Dikrech an eng weider Antenn zweigt zu Kautebaach of a féiert bis op Wolz.

D'Gare vu Lëntgen huet e gratis Park & Rail-Parking a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Nieft der Gare ass d'Barriär um CR101.

Zich déi an der Gare halen

änneren
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Luerenzweiler   RB
CFL-Linn 10 
  Miersch Dikrech

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Gare Lëntgen – Biller, Videoen oder Audiodateien