Haaptmenü opmaachen

Société royale grand-ducale des chemins de fer Guillaume-Luxembourg

D'Société royale grand-ducale des chemins de fer Guillaume-Luxembourg (och: Compagnie Guillaume-Luxembourg oder einfach Guillaume-Luxembourg, resp. GL) war eng lëtzebuergesch Aktiëgesellschaft mat franséischem Kapital, déi den 2. Mäerz 1857 gegrënnt gouf, fir d'Konzessioune vun den Eisebunnslinnen z'iwwerhuelen, déi de Lëtzebuerger Staat 1855 ausgeschriwwen hat.[1].

Si huet d'Eisebunnsnetz gebaut dat Guillaume-Luxembourg oder einfach de Wëllem genannt gouf. Fir dat kënnen ze maachen huet si de 4. Januar 1857 den Hären Adolphe Favier a Stephane Jouve hir d'Konzessioun iwwerholl, déi déi duerch eng Konventioun vum 9. November 1855, a konfirméiert duerch e Gesetz vum 25. November 1855 [2] a vum 7. Mee 1856 [3] , kritt haten. Si selwer huet dee Reseau awer net exploitéiert. Duerch e Vertrag vum 6. Juni 1857 mat der Compagnie des chemins de fer de l'Est krut déi d'Recht iwwer 50 Joer, dat ze maachen.[4]

Déi 11 Administrateuren a Grënner vun der S.A. waren:[1] de Jean-Guigne-Louis-Marie-Alexis Marquis d'Albon, Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine, Joseph-Antoine-Alfred Prost, Thérèse-Vendelin Jurion, Pierre-André Arjo-Biétrix, Alphonse de Boissieu, Hippolyte-François-Louis Vicomte Jaubert, Numa Guilhou, Jean-Marie Suchel, Augustin-Marie-François de Roquenave d'Harmière Baron de Thuret et le Comte de Vougy. Den éischte President vum Verwaltungsrot war de Marquis d'Albon.

D'Netz vun 159 km (spéider am Ganzen 208,73 km) bestoung aus 4 Haaptlinnen, déi vun der Stad Lëtzebuerg aus fortgoungen. Dozou hunn am Ufank d'Haaptstrecke gehéiert sou wéi se an der Konzessioun virgesi waren, an zwar eng Streck déi vun der belscher Grenz bei Stengefort sollt fortgoen an op déi preisesch Grenz sollt féieren, mat enger Ofzweigung zu Lëtzebuerg déi op déi franséisch Grenz tëscht Diddeleng a Fréiseng sollt féieren. Derbäi koum déi Streck fir déi de Favier eleng d'Konzessioun hat an déi vun der Gare vu Lëtzebuerg en Uschloss un d'Streck fir op Arel sollt hunn an dann iwwer Dikrech op Wäisswampech sollt féieren.

Déi Strecke goufe konkretiséiert mat de véier Strecke wéi se nach haut bestinn: Klengbetten-Lëtzebuerg, Lëtzebuerg-Waasserbëlleg, Lëtzebuerg-Beetebuerg a Lëtzebuerg-Ëlwen

D'Compagnie Guillaume-Luxembourg huet all d'Obligatiounen aus dem Cahier des charges vum 9. November 1855 an de Conventioune vum 4. an 28. November 1856 missen iwwerhuelen,[5] sou wéi och d'gesetzlech Bestëmmunge vum 25. November 1855 missen applizéieren.[6] D'Gesellschaft hat hire Sëtz zu Lëtzebuerg an eng administrativ Succursale zu Paräis.

D'Linn fir a Frankräich ass den 11. August 1859 opgaangen an déi fir an d'Belsch de 15. September datselwecht Joer. Déi feierlech Aweiung war de 4. a 5. Oktober 1859. Bei där Geleeënheet gouf och de Grondstee fir d'Nei Bréck geluecht.[7] Wéinst Meenungsverschiddenheeten iwwer den Tracé vun der Streck, gouf et Verspéidungen op der Waasserbëlleger Streck déi doduerch eréischt 1861 a Betrib geholl gouf.

Am Juni 1859 krut d'Gesellschaft dunn d'Konzessioun fir eng Stéchstreck an de Minett ze bauen. Déi Streck sollt hiren Uschloss zu Beetebuerg hunn an op Näerzeng féieren, fir sech do an zwee ze deelen, mat engem Aascht op Rëmeleng an dem aneren op Esch.[8]

Déi definitiv Konzessioun fir d'Nordstreck krut d'Gesellschaft den 23. Dezember 1860. De Betrib ass 1862 opgeholl gi bis op Ettelbréck an 1867 war d'Streck bis op Ëlwen an op déi belsch Grenz fäerdeggebaut. Fir en Uschloss un d'Regioun vu Léck ze kréien ouni iwwer de Chemins de fer du Nord hir Streck mussen ze fueren huet de Guillaume Luxembourg sech eng Konzessioun an der Belsch ugefrot déi en am Juni 1862 accordéiert krut. Doduerch hat en d'Méiglechkeet fir eng Streck iwwer Gouvy an Trois-Ponts via Stavelot bis op Spa ze bauen, wou se Uschloss un d'Streck Spa-Pepinster hat. Déi huet de Wëllem bei der Société du chemin de fer Pepinster-Spa gepacht an hat du vu Pepinster aus en direkten Uschloss op Léck a wat besonnesch wichteg war un d'Kuelegrouwen aus där Géigend.

Dat war iwwregens déi éischt Streck do an der Géigend aus där sech spéider d'SNCB-Linnen 42, 44a a 45 entwéckelt hunn.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Spa

Strecke vum Guillaume LuxembourgÄnneren

Normal Strecken Längt km Ouverture Minettsstrecken Längt km Ouverture
Lëtzebuerg-Beetebuerg-franséisch Grenz 16,78 11.08.1859 Esch-Uelzecht-Neidierfchen 0,87 25.08.1875
Lëtzebuerg-Klengbetten-belsch Grenz 18,77 15.09.1859 Rëmeleng-Laangenaker 1,81 07.05.1884
Beetebuerg-Esch-Uelzecht 9,55 23.04.1859 Téiteng-Laangegrond/Kierchbierg 3,95 29.09.1884
Näerzeng-Téiteng-Rëmeleng-Ëtteng 6,63 01.06.1860 Diddeleng-Usines-Réiteschkopp 0,76 01.12.1884
Lëtzebuerg-Waasserbëlleg-preisesch Grenz 37,44 29.08.1861
Lëtzebuerg-Ettelbréck 30,55 21.07.1862
Ettelbréck-Dikrech 4,13 16.11.1862
Ettelbréck-Kautebaach-Ëlwen 38,37 15.12.1866
Ëlwen-belsch Grenz 7,88 20.02.1867
Esch-Uelzecht-franséisch Grenz fir op Oth 1,51 01.04.1880
Uschloss Brucherbierg-Scheierbësch 1,27 29.09.1884
Ëlwen-Wilwerdang-belsch Grenz 6,94 04.11.1889
Uschloss Lëtzebuerg (Triage)- Hollerich 0,74 27.09.1917
Lëtzebuerg (Triage)-Fenteng-Alzeng-Éiter 13,52 28.10.1918
Uschloss Bierchem-Nord-Alzeng 1,06 01.09.1940

Kuckt ochÄnneren

LiteraturÄnneren

  • Histoire de la "jonction belge-grand-ducal" : le chemin de fer Spa-Gouvy, ses métamorphoses et son impact sur la région (1863-1900) / par Michel Accarain / Louvain-la-Neuve: Bureau de Recueil, Collège Erasme , 1999

ReferenzenÄnneren

  1. 1,0 1,1 Mémorial A, Nr. 7/1857 op legilux.public.lu.
  2. Gesetz vum 25. November 1855
  3. Gesetz vun 1856
  4. R. Demeur, Les chemins de fer français en 1860: Statuts des compagnies, notices historiques-situations financières avec une introduction, Chez l'éditeur, 1860 S.107 op Google Books.
  5. Pasinomie luxembourgeoise: recueil des lois, décrets, arrêtés, règlements généraux et spéciaux etc. qui peuvent être invoqués dans le Grand-Duché de Luxembourg, 1859, S.248 op Google Books.
  6. Limburg (Belgium: Province), Vertoog van den bestuurlijken toestand ..., 1868, S.84 op Google Books.
  7. 150. Joer Eisebunn, Säit 51, Éditions CFL Luxembourg & Ministère du Développement durable et des Infrastructures (2009)
  8. Gesetz vum Juni 1859

1857