Gare Rivage
D'Gare vu Rivage ass eng Gare op de belschen Eisebunnslinnen 43 (Léck-Jemelle) an 42 (Rivage-Gouvy).
![]() | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 1885 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Belsch |
Gemeng | Sprimont |
Koordinaten | 50°29'8,9"N, 5°35'8,2"O |
Héicht i. M. | 119 m |
Reseau | |
Statiounscode | MRV |
Bedreiwer | SNCB |
Streck(en) | SNCB-Linn 43, Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Aywaille, Gare Poulseur, Gare Comblain-au-Pont |
![]() | |
Eng ronn 200 Meter no der Gare wann ee vu Léck kënnt deele sech d'Gleiser. Iwwer den Y féiert eng kleng Stroossebréck, an direkt duerno ass op der Streck fir op Gouvy de klengen Tunnel vu Rivage an a Richtung Hamoir d'Bréck iwwer d'Amblève.
Nopeschgare sinn an Direktioun Léck d'Gare vu Chanxe an där keng Zich mei halen an direkt duerno d'Gare vu Poulseur déi nach op ass. An Direktioun Gouvy ass déi éischt Gare déi vu Liotte an där och keng Zich méi halen an dann direkt duerno déi vun Aywaille, an an Direktioun Jemelle déi vu Comblain-au-Pont, déi och keen Trafic méi huet, an dann duerno déi vun Hamoir.
Um Spaweck
ännerenCommons: Gare Rivange – Biller, Videoen oder Audiodateien |