Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy
D'Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy oder Linn 42 vun der belscher Eisebunnsgesellschaft SNCB ass eng 59,8 Kilometer laang Linn déi Rivage an der Provënz Léck mat Gouvy an dodriwwer eraus mat der Nordstreck vu Lëtzebuerg verbënnt.
Linnennummer | 42 |
---|---|
Bedreiwer | SNCB |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 60,2 km |
Spuerbreet | Normalspuer |
D'Linn 42 huet mat Ausnam vu verschiddenen Deelstécker an de Garen, an an dem Tunnel vun Trois-Ponts, tëscht Aywaille a Vielsalm nëmmen ee Gleis. Vu Vielsalm bis op Gouvy (11,4 km), a vu Rivage bis op Aywaille (8,2 km) ass d'Streck zweegleiseg. Si ass mat 25 kV elektrifizéiert.
D'Streck gëtt och alt vun der SNCB fir Belaaschtungs- an Homologatiounstester vun neie Lokomotive benotzt. D'Streck huet nämlech zwou géi Rampen, déi eng mat 15 ‰ tëscht Trois-Ponts a Vielsalm an eng vun 18 ‰ bei Cierreux tëscht Vielsalm a Gouvy.
Geschichtlech Daten
ännerenBau vun der Linn
ännerenD'Linn 42 gouf an 3 Etappe gebaut:
- Den 20. Februar 1867 gouf d'Streck vun der lëtzebuergescher Grenz iwwer Gouvy bis op Trois-Ponts a Betrib geholl an huet deemools zu der Streck Lëtzebuerg-Spa gehéiert.
- Den 20. Januar 1885 ass den Deel Rivage - Stoumont opgemaach ginn.
- Den 1. Juli 1890 ass d'Verbindung Stoumont - Trois-Ponts opgaangen.
Modernisatioun vun der Linn
ännerenAn den 80er Jore wollt d'SNCB d'Streck opginn. D'Linn, déi déi Zäit ganz zweegleiseg war, gouf op e Gleis zeréckgebaut, an eng Parti vu Garegebaier goufen ewechgerappt.
Op Drock vun der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL a mat Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Staat a vun Europa, gouf d'Linn an den 90er Jore moderniséiert.
Bei dëser Modernisatioun gouf d'Streck elektrifizéiert, Barriäre suppriméiert, an d'Signalisatioun frëschgemaach.
De 25. Mee 2000 waren d'Aarbechten déi ronn 900 Millioune Frang kascht hu, fäerdeg.
Déi automatiséiert Signalisatioun gouf Enn November 2012 a Betrib geholl[1] an déi ganz Streck gëtt elektronesch vun der Gare vu Léck aus gesteiert.
Garen an Halten op der Streck
ännerenA Schifschrëft sinn déi Halten opgezielt an deene keen Zuch méi hält, an déi deelweis ewechgerappt sinn.
Rivage (43) | Liotte | Hagoheid | Martinrive | Aywaille | Remouchamps | Nonceveux | Quarreux | Lorcé-Chevron | Stoumont | La Gleize | Roanne-Coo | Coo | Trois-Ponts (45) | Grand-Halleux | Rencheux | Vielsalm (47A) | Salmchâteau | Cierreux | Bovigny | Gouvy (163)
Verbindunge mat aneren Eisebunnsstrecken
änneren.
- Vu Gouvy aus:
- mat der lëtzebuergescher Nordstreck
- fréier mat der belscher Linn 163
- Vun Trois-Ponts aus:
- Vu Vielsalm aus:
- mat der belscher Linn 47A
- Zu Rivage:
- mat der belscher Linn 43
- Privatuschlëss:
- An der Gare vun Aywaille Uschloss fir Carrière op der Grand Heid. Ëm 1960 suppriméiert.
- Tëscht der Gare Martinrive an där vu Liotte den Uschloss vun der Carrière Belle Roche
International Zich
ännerenOp der Streck fueren zanter 2014 am internationale Reseau belsch InterCityen.
Bauwierker op der Streck
ännerenBrécken
änneren- Viaduc vu Remouchamps Längt 138 Meter
- Bréck vun Targnon
- Viaduc vu Stoumont
- Viaduc vu Vennes Héicht 21 m, Längt 187 m
- Viaduc vu Roanne-Coo Héicht 23 m, Längt 186 m
Tunnellen
änneren- Tunnel vu Liotte (zweegleiseg): 82 Meter
- Tunnel vu Remouchamps: 618 Meter
- Tunnel vun Targnon: 279 Meter
- Tunnel vu Xhierfomont: 127 Meter
- Tunnel vu Cheneux: 250 Meter
- Tunnel vu La Gleize: 59 Meter
- Tunnel vu Roanne-Coo: 194 Meter
- Tunnel vu Coo: 305 Meter
- Tunnel vun Trois-Ponts (zweegleiseg): 345 Meter
Um Spaweck
ännerenCommons: Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy – Biller, Videoen oder Audiodateien |