D'Gare vu Walfer ass eng Gare op der CFL-Streck 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Dummeldeng an der Gare Heeschdref vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Gare Walfer
Streck 1
PK 24.004
Quaien 2
Gleiser 2
Uertschaft Walfer
Gemeng Walfer
Kanton Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 39’ 43’’ N
      6° 08’ 10.5’’ O
Websäit CFL.lu
D'Gare vu Walfer Stroossesäit

D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn geet vun Ettelbréck op Dikrech an eng weider Antenn zweigt zu Kautebaach of a féiert bis op Wolz.

Uganks 2011 huet d'Walfer Gare Schlagzeile gemaach, nodeem et do an Zäit vun 3 Woche 4 Suizide gouf.[1]

D'Gare Walfer huet e gratis Park & Rail-Parking a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. D'Guichete sinn net méi a Betrib. D'Gebai gëtt haut vun der Association des Modélistes Ferroviaires de Luxembourg benotzt, déi eng riseg Modelleisebunn an dem ale Gebai ageriicht huet.

Den 13. Juni 2022 gouf proposéiert, d'Voyageurs-Gebai, den Eisebunnsdepot an d'Lampisterie vun der Gare als national Kulturierfschaft ze klasséieren.[2]

Zich déi an der Gare halen Änneren

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Dummeldeng   RB
CFL-Linn 10 
  Heeschdref Dikrech
Lëtzebuerg Dummeldeng   RE
CFL-Linn 10 
  Miersch Ëlwen
oder Gouvy

Kuckt och Änneren

Um Spaweck Änneren

Commons: Gare Walfer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen Änneren

  1. http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/2011/02/143578/junge-frau-von-zug-erfasst-und-getoetet.php
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 1. September 2023).


Garen op der Linn 1 / Nordstreck

Lëtzebuerg - Ëlwen: Lëtzebuerg - Pafendall-Kierchbierg - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Colmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Ëlwen
Antenn Ettelbréck - Dikrech: Ettelbréck - Dikrech
Antenn Kautebaach - Wolz: Kautebaach - Mäerkels - Paradiso - Wolz
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Linn 3 · Linn 5 · Linn 6 · Linn 6b · Linn 6c · Linn 7 · Linn 80