Gare Maulesmillen
D'Gare op der Maulesmillen war vun 1866 bis de 14. Dezember 2014 eng Halt op der Linn 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Klierf an der Gare Ëlwen vun der Lëtzebuerger Eisebunn. D'Gebai vun der Halt stoung um PK 80,973. Vun deem Dag u gëtt de Persounentransport vun der Maulesmillen op Klierf vun der Autobuslinn 660 Saassel-Klierf gemaach.
![]() | |
ass eng | fréier Gare |
---|---|
Status | ausser Déngscht |
opgaang | 1866 |
zougemaach | 14. Dezember 2014 |
genannt no | Maulesmillen |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Maulesmillen |
Uertschaft | Klierf |
Koordinaten | 50°5'40"N, 6°1'35"O |
Héicht i. M. | 425 m |
Reseau | |
Bedreiwer | CFL |
Streck(en) | CFL-Linn 1 |
Linn(en) | CFL-Linn 1 |
P.K. | 81,045 |
Gleiser | 1 |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Ëlwen, Gare Klierf |
![]() |
D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet.
D'Gare Maulesmillen hat e gratis Park & Rail-Parking mat 20 Parkplazen a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
Geschichtleches
ännerenDe 15. Dezember 1866 ass d'Gare als Halt opgaangen. 1910 war d'Gebai fäerdeg a konnt als Gare benotzt ginn. Vun 1993 un gouf d'Gebai net méi gebraucht.
Am Kader vum Bau vum Deel Klierf - Pafemillen vun der Vëlospist PC21, soll de Quai vun der fréierer Gare ofgerappt ginn[1].
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Gare Maulesmillen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ (fr) Bausch, François, Question écrite n° 3627 - Sujet : Quai de l'ancienne station de Maulusmühle. https://chd.lu+(15.03.2021).+Gekuckt den 31.07.2022.